Lëtzebuerger bréngen de Julian "Alain Philippe" zum Laachen

© AFP
No der 17. Etapp e Mëttwoch hunn zwee jonk Nowuessfuerer vum Cycling Team Atertdaul eng Foto mam Julian Alaphilippe gemaach.
No der Foto huet de fréiere Weltmeeschter du misse laachen. Am Video héiert een d'Lëtzebuerger nämlech soen "Merci Alain". Dobäi ass dem Fransous säin Numm jo Julian Alaphilippe an net "Alain Philippe". Ob et iertemlecherweis Weis war oder net, ass net gewosst, ma op alle Fall si si net déi éischt, déi de Coureur vu Soudal Quick-Step "Alain" nennen.
Den Numm ass 2022 richteg opkomm, dat duerch den Twitter-Account FFLose. Zanterhier gesäit ee laanscht d'Stroossen ëmmer nees Leit mat engem Schëld laanscht d'Stroosse stoen, wou drop steet: "Allez Alain Philippe".