Den Dan Lorang ass Trainer bei der Vëlosekipp BORA - hansgrohe, fir déi, nieft dem Bob Jungels, och de 7. aus dem General, den Jai Hindley, fiert.

Et war vun Ufank un e ganz schwéieren Tour de France, wéi den Dan Lorang am RTL-Interview erkläert huet. Direkt déi éischt zwou Etappen am Baskeland haten et schonn a sech. Aus der Vergaangenheet war een et net onbedéngt gewinnt, datt et direkt vun Ufank un esou schwéier wier. Iwwer wäit Strecke vun der Grande Boucle war dann och ëmmer nees eng extreem Hëtzt, et ass en extreem héijen Tempo gefuer ginn a wann een de Coureuren an d'Gesiicht kuckt, géing ee gesinn, datt se un der Limitt a midd sinn, esou de Coach vu BORA - hansgrohe.

Et war vun Ufank un e schwéieren Tour

"Et war schonn impressionnant einfach ze gesinn, wéi staark hien ass"

RTL

© AFP

Ee Coureur bei dësem Tour de France schéngt dës Obstakelen awer am beschten ze meeschteren. Virun allem déi lescht zwee Deeg ass de Jonas Vingegaard an enger eegener Liga gefuer. De Gewënner vum leschte Joer hat virum Roudag um Méindeg just 10 Sekonnen Avance op den Tadej Pogacar, elo zwou Etappe méi spéit sinn et 7 Minutten a 35 Sekonnen.

Den Dan Lorang huet am RTL-Interview erkläert, datt direkt nom Zäitfuere jidderee geschockt war, net nëmmen, datt de Vingegaard esou staark war, mee och datt seng Avance op de Pogacar esou grouss war. Wann een dem Vingegaard seng aussergewéinlech Physiologie kuckt, da kann ee sech esou eng exzeptionell Leeschtung schonn erklären. Dofir misst een awer en idealen Dag erwëschen.

Op de Pogacar ugeschwat, huet den Dan Lorang erkläert, datt een um Sloween erkennt, datt och d'Weltklass-Coureuren nëmme Mënsche sinn.

No dëse leschten zwou Etappe sinn och d'Stëmmen, déi no enger Doppingaffär ruffen, nees méi haart ginn, dat fënnt den Dan Lorang immens schued.

Den Dan Lorang iwwer de Jonas Vingegaard

"Virun allem fannen ech et ganz schued fir d'Coureuren"

Wann een esou wéi hien am Vëlossport schafft, wéisst een, datt de Sport eben eng gewësse Vergaangenheet huet. Dëst wier awer och an anere Sportaarten esou gewiescht, ma a kenger anerer Sportaart géif esou séier nees en Doppingverdacht geäussert ginn ewéi am Vëlossport, esou den Dan Lorang. De Coach vu BORA - hansgrohe fënnt dës Virwërf immens schued, virun allem fir d'Coureuren, well déi ganz vill investéieren, fir esou Leeschtunge kënnen ze bréngen.

"Et muss ee sech deene Froe stellen an dann ebe ganz rational do erugoen, ech fannen et just net gutt, wann et esou generell Verdachter ginn, also einfach ëmmer dann, wann eng gutt Leeschtung ass, datt gläich de Coureur gedoppt huet", esou den Dan Lorang. Wann et esou wier, datt d'Coureuren all géingen doppen, da géing hie sech en aner Beruff sichen. Et géif ee scho kucken, datt ee sech dat alles erkläre kann an déi eege Coureuren esou gutt wéi et geet op d'Coursse preparéieren.

Den Dan Lorang iwwer Dopping-Virwërf am Vëlossport

"Hien (Bob Jungels) ass gëschter immens staark gefuer"

RTL

© AFP

Ee vun deene Coureuren ass de Bob Jungels. Den Dan Lorang huet erkläert, datt de Bob Jungels e Mëttwoch immens staark gewiescht wier an datt et impressionnant war, wéi laang hie bei deene Beschte mathale konnt. De Lëtzebuerger hat sech am Contre-la-montre och e bësse geschount, fir eben op där schwéierer 17. Etapp gutt mathalen ze kënnen, wéi den Trainer vu BORA - hansgrohe sot.

Et wier ee bei der Ekipp ganz zefridde mat der Leeschtung vum Bob Jungels, virun allem, wann ee bedenkt, datt hie schonn de Giro gefuer war, wat net geplangt war. De Lëtzebuerger Coureur hätt sech iwwer den Tour ëmmer weider verbessert a wier senger Roll, fir fir de Kapitän Jai Hindley ze fueren, gerecht ginn.

Den Dan Lorang iwwer d'Leeschtung vum Bob Jungels

"Et ass sécherlech eng kleng Enttäuschung och dobäi"

RTL

© AFP

Fir den Jai Hindley war et bei senger Tour-de-France-Première eigentlech een idealen Optakt. De 27 Joer alen Australier konnt déi 5. Etapp fir sech entscheeden an ass gläichzäiteg an de Maillot Jaune gefuer. Deen Ament huet ee sech bei BORA - hansgrohe natierlech Hoffnunge gemaach, datt den Hindley villäicht zu Paräis mat um Podium stéing. Nodeems hien awer e bësse krank war an et eng Chute gouf, ass et manner gutt gaangen an den Australier ass am General ëmmer weider zeréckgefall. Aktuell ass hien de 7. op 13 Minutten a 50 Sekonnen. Well een ufanks esou gutt an der Course war ass "eng kleng Enttäuschung och dobäi", mee am grousse Ganze wier een awer zefridden, erkläert den Dan Lorang.

Den Dan Lorang iwwer den Jai Hindley

Wat huet BORA - hansgrohe nach Wëlles?

RTL

© AFP

Et gëtt elo nach 2-3 Etappen, déi wuel fir d'Sprinter reservéiert sinn an dann ass e Samschdeg nach eng ganz schwéier Etapp. Dat primäert Zil vun der Ekipp BORA - hansgrohe wier natierlech, den Jai Hindley esou gutt et geet ze ënnerstëtzen an hirem Sprinter Jordi Meeus e gudde Support ze ginn. Donieft wier et och méiglech, datt ee probéiert an eng Echappée ze goen. Et hätt ee gesinn, datt de Bob Jungels ëmmer méi staark géing ginn a villäicht géif de Lëtzebuerger jo nach d'Chance kréien, ëm eng Etappevictoire ze fueren.

Wat huet BORA - hansgrohe nach Wëlles?