Kasper Asgreen wënnt aus Echappée eraus, Sekonne virum Peloton
En Donneschdeg sollt et eng Etapp fir d'Sprinter ginn. Zwou Koppe vun der Kategorie 4 waren op den 185 Kilometer vu Moûtrier op Bourg-en-Bresse am Wee.
D'Echappée vum Dag sollt de Sprinterekippen e Stréch duerch d'Rechnung maachen, well op der Linn setzt sech de Kasper Asgreen duerch, dat virum Pascal Eenkhoorn an dem Jonas Abrahmsen. Beschten aus dem Peloton gouf de Maillot Vert Jasper Philippsen, dee just ganz knapp hannert der Echappée iwwert d'Linn gefuer ass.
An der selwechter Zäit gëtt de Bob Jungels den 42. an de Kevin Geniets de 60. Den Alex Kirsch hat als 77. e Retard vun 23 Sekonnen.
Leader am General bleift den Dän Jonas Vingegaard. De Bob Jungels ass op der 25. Plaz de beschte Lëtzebuerger.
De Resumé vun der Etapp
Zimmlech fréi an der Course hu sech dräi Leit, Asgreen, Campenaerts an Abrahamsen, vum Peloton ofgesat. Si sollten de gréissten Deel vun der Etapp d'Echappée vum Dag forméieren. Eng richteg grouss Avance sollte si vum Peloton awer net kréien, vill méi wéi 90 Sekonne konnte si net erausfueren. Déi Avance ass awer nees däitlech erofgaangen an den Trio un der Spëtzt hat nach eng 60 Kilometer virun der Arrivée just nach 30 Sekonnen Avance.
Dëst war de Moment vun de Konterattacken aus dem Peloton eraus. An enger dovu war den Eenkhoorn mat dran, wat dozou gefouert huet, datt säin Teamkolleeg Campenaerts sech aus dem Spëtzentrio zeréckfale gelooss huet, fir hie mat no vir ze bréngen. Dëst ass den zwee Coureure vu Lotto Dstny dann och gelongen, esou datt si zu véier un der Spëtzt hiren Ecart nees Ausbaue konnten.
Si konnten deen nees op iwwer eng Minutt verbesseren, dat mat nach knapp iwwer 35 Kilometer ze fueren. Déi Avance sollt awer net bestoen bleiwen, well sech d'Ekippe vun de Sprinter d'Chance op eng Victoire bei dëser Etapp net wollten huele loossen. 16 Kilometer virun der Arrivée war d'Spëtzt nach just 30 Sekonne virum Peloton. D'Spinterekippen hunn alles ginn, ma et sollten hinnen zum Schluss e puer Meter feelen, fir d'Echappée anzefänken.
D'Klassement vun der Etapp
1 ASGREEN Kasper Soudal - Quick Step 4:06:48
2 EENKHOORN Pascal Lotto Dstny ,,
3 ABRAHAMSEN Jonas Uno-X Pro Cycling Team ,,
4 PHILIPSEN Jasper Alpecin-Deceuninck ,,
5 PEDERSEN Mads Lidl - Trek ,,
6 BOL Cees Astana Qazaqstan Team ,,
7 MEEUS Jordi BORA - hansgrohe ,,
8 TRENTIN Matteo UAE Team Emirates ,,
9 LAPORTE Christophe Jumbo-Visma ,,
10 MOZZATO Luca Team Arkéa Samsic ,,
...
42 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe ,,
60 GENIETS Kevin Groupama - FDJ ,,
77 KIRSCH Alex Lidl - Trek 0:23
D'Generalklassement no der Etapp
1 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma 72:04:39
2 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 7:35
3 YATES Adam UAE Team Emirates 10:45
4 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers 12:01
5 YATES Simon Team Jayco AlUla 12:19
6 BILBAO Pello Bahrain - Victorious 12:50
7 HINDLEY Jai BORA - hansgrohe 13:50
8 GALL Felix AG2R Citroën Team 16:11
9 KUSS Sepp Jumbo-Visma 16:49
10 GAUDU David Groupama - FDJ 17:57
...
25 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe 1:46:15
35 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 2:21:19
113 KIRSCH Alex Lidl - Trek 4:26:24