E Freideg stoung eng Montée vun der véierter an eng vun der drëtter Kategorie um Programm. 173 Kilometer louchen tëscht Molrans-en-Montagne a Pollgny.

De Matej Mohoric wënnt d'Etapp, déi selwecht Zäit wéi hie kritt den Zweete Kasper Asgreen. Den Drëtte Ben O'Connor hat e Retard vu 4 Sekonnen.
De Peloton mam Maillot Jaune Jonas Vingegaard hat e Retard vun iwwer 13 Minutten. An deem Peloton waren och de Bob Jungels, deen de 66. gouf, an de Kevin Geniets, deen als 72. iwwer d'Arrivée gefuer ass. Den Alex Kirsch gouf den 129. op iwwer 16 Minutten.

Am Maillot Jaune bleift de Jonas Vingegaard. De Bob Jungels ass de beschte Lëtzebuerger als 26.

Resumé vun der Etapp

D'Etapp ass mat enger héijer Vitess ugaangen, esou datt eng méiglech Echappée et am Ufank schwéier hat, fir fortzekommen. No 57 Kilometer ass et enger Grupp vun 8 Leit du gelongen, e klengen Ecart erauszefueren. Den Tëschesprint huet dunn eng Konterattack op de Spëtzegrupp lancéiert, deen sech ni wierklech e gréissere Virsprong erausfuere konnt. Esou datt sech 65 Kilometer viru Schluss 37 Coureuren un der Spëtzt erëmfonnt hunn. Den héijen Tempo am Peloton hat dann och dofir gesuergt, datt dësen an zwee gebrach war.

Am Spëtzegrupp, deen esou grouss gi war, war d'Entende och net déi Bescht, esou datt et och hei ëmmer nees zu Attacke koum. Dem Trio O'Connor, Asgreen a Mohoric war et du kuerz viru Schluss gelongen, sech nach eng Kéier ofzesetzen. Zu dräi hu si déi leschte Kilometer attackéiert an och probéiert, Zäit op hir fréier Begleeder guttzemaachen. 10 Kilometer viru Schluss hate si 20 Sekonnen Avance op eng gréisser Grupp vun 9 Coureuren, 5 Kilometer viru Schluss esouguer 30 Sekonnen.

Si sollten dann och de Gewënner ënnert sech ausmaachen. De Matej Mohric schreift als Gewënner sech an d'Buch vun dëser Etapp an, dat bal Zäitgläich mat sengen zwee Begleeder an 39 Sekonne virum nächste Grupp.

D'Klassement vun der Etapp

1 MOHORIČ Matej Bahrain - Victorious 3:31:02
2 ASGREEN Kasper Soudal - Quick Step  ,,
3 O'CONNOR Ben AG2R Citroën Team 0:04
4 PHILIPSEN Jasper Alpecin-Deceuninck 0:39
5 PEDERSEN Mads Lidl - Trek ,,
6 LAPORTE Christophe Jumbo-Visma ,,
7 MEZGEC Luka Team Jayco AlUla ,,
8 BETTIOL Alberto EF Education-EasyPost  ,,
9 TRENTIN Matteo UAE Team Emirates ,,
10 PIDCOCK Thomas INEOS Grenadiers ,,

D'Generalklassement

1 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma 75:49:24
2 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 7:35
3 YATES Adam UAE Team Emirates 10:45
4 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers 12:01
5 YATES Simon Team Jayco AlUla 12:19
6 BILBAO Pello Bahrain - Victorious 12:50
7 HINDLEY Jai BORA - hansgrohe 13:50
8 GALL Felix AG2R Citroën Team 16:11
9 KUSS Sepp Jumbo-Visma 16:49
10 GAUDU David Groupama - FDJ 17:57