Tadej Pogacar wënnt Etapp, Vingegaard de Maillot Jaune
Den Tadej Pogacar setzt sech am Sprint zu Le Markstein Fellering duerch. De Jonas Vingegaard verdeedegt definitiv säi Maillot Jaune aus dem Virjoer.
Um zweetleschten Dag stoung déi lescht Biergetapp am Elsass um Programm, déi vu Belfort op Le Markstein Fellering goung. Déi lescht Kilometeren erop bis op d'Arrivée ware fënnef Coureuren, déi am General vir klasséiert waren, zesumme gefuer: den Tadej Pogacar, de Felix Gall, de Jonas Vingegaard an d'Gebridder Yates.
Am Sprint hat de Sloween Pogacar déi séierst Been virum Felix Gall an dem Maillot Jaune Vingegaard.

© RTL / Roland Miny

© RTL / Roland Miny
Den Thibaut Pinot, deen um Enn Siwente gëtt, war laang Zäit eleng un der Spëtzt vun der Course, gouf awer am virleschte Bierg vun engem Grupp ronderëm de Maillot Jaune agefaangen.
De Bob Jungels klasséiert sech als beschte Lëtzebuerger op der Plaz 44 mat engem Retard vun iwwer 12 Minutten op de Gewënner. De Kevin Geniets fiert als 90. iwwer d'Ligne d'arrivée an den Alex Kirsch gëtt den 134.
Elo ass et och offiziell: De Jonas Vingegaard konnt no senge staarke Performancen an der leschter Woch seng Victoire vun zejoert widderhuelen. Den Giulio Ciccone huet sech mat den zwee Punkten um Col de la Schlucht de Maillot fir de beschte Grimpeur geséchert. Dem Jasper Philipsen dierft de grénge Maillot op der leschter Etapp net méi ze huele sinn.

© RTL / Roland Miny
E Sonndeg ass déi lescht Etapp, déi traditionell op de Champs-Elysées zu Paräis op en Enn goe wäert. Nieft der 21. Etapp vun den Häre start e Sonndeg och den Tour de France Femmes, wou mam Christine Majerus an Nina Berton zwee Lëtzebuergerinnen un den Depart ginn.

© RTL / Roland Miny
D'Klassement vun der Etapp
1 Tadej Pogacar 3:27:18
2 Felix Gall +0:00
3 Jonas Vingegaard +0:00
4 Simon Yates +0:00
5 Adam Yates +0:07
6 Warren Barguil +0:33
7 Thibaut Pinot +0:33
8 Pello Bilbao +0:33
9 Tobias Johannessen +0:50
10 Rafal Majka +0:50
...
44 Bob Jungels +12:27
90 Kevin Geniets +22:51
134 Alex Kirsch +31:25
D'Generalklassement
1 Jonas Vingegaard 79:16:38
2 Tadej Pogacar +7:29
3 Adam Yates +10:56
4 Simon Yates +12:23
5 Carlos Rodriguez +12:57
6 Pello Bilbao + 13:27
7 Jai Hindley +14:44
8 Felix Gall +16:09
9 David Gaudu +23:08
10 Guillaume Martin +26:30
...
26 Bob Jungels +1:58:46
41 Kevin Geniets +2:44:14
115 Alex Kirsch +5:00:55