Lotte Kopecky wënnt fir den Optakt en solitaire

© AFP
Déi belsch Cyclistin konnt déi éischt Etapp mat engem Virsprong vun 41 Sekonne gewannen. D'Nina Berton an d'Christine Majerus kommen op d'Plaze 70 an 110.
E Sonndeg ass déi zweet Editioun vum Tour de France bei den Damme lassgaangen. Op der 1. Etapp mat Depart an Arrivée zu Clermont-Ferrand konnt sech no 123.8 Kilometer d'Lotte Kopecky en solitaire d'Victoire sécheren. Mat engem Retard vun 41 Sekonne sinn d'Hollännerinne Lorena Wiebes a Charlotte Kool op déi zweet an drëtt Plaz komm.
D'Nina Berton ass mat engem Retard vu 4:30 Minutten op déi 70. Plaz gefuer an d'Christine Majerus steet no der 1. Etapp mat engem Réckstand vu 7:17 op der 110. Plaz.
E Méindeg geet et da vu Clremont-Ferrand iwwer 151.7 Kilometer weider op Mauriac.
D'Klassement
1 KOPECKY Lotte 3:04:09
2 WIEBES Lorena 0:41
3 KOOL Charlotte ,,
4 VOS Marianne ,,
5 MOOLMAN Ashleigh 0:43
6 VOLLERING Demi ,,
7 DRONOVA-BALABOLINA Tamara ,,
8 LUDWIG Cecilie Uttrup ,,
9 GARCÍA Mavi ,,
10 LONGO BORGHINI Elisa ,,
70 BERTON Nina 4:30
110 MAJERUS Christine 7:17