2027 oder 2028 kéint den Tour de France mol erëm eng Kéier duerch eist Land fueren.

Déi aktuell Lëtzebuerger Regierung ass interesséiert, eng Arrivée an en Depart hei am Grand-Duché ze organiséieren.

1927 an 1928 hat den Nicolas Frantz den Tour de France gewonnen. De Charly Gaul konnt 1958 dës Vëloscourse zu senge Gonschten entscheeden.

D'Lëtzebuerger Regierung huet e Budget vu 700 bis 800 Dausend Euro fir d'Organisatioun vun dësem sportlechen Event virgesinn.

Ob et klappt, wäert sech nach net haut a muer decidéieren. Ofhängeg ass et och, wou de Grand Depart vun der weltwäit gréisster Vëloscourse dann organiséiert gëtt.

1947 war den Tour de France eng éischte Kéier zu Lëtzebuerg. 2017 fir d'lescht.