De belsche Coureur huet sech mat engem knappe Virsprong d'Victoire op der leschter Etapp vum Tour geséchert.

De Jordi Meeus huet sech d'Victoire am Sprint op de Champs Elysées geséchert. Op der Arrivée hat hien nach déi meeschte Kraaft an de Been a konnt sech sou virum Jasper Philipsen an dem Dylan Groenewegen duerchsetzen.

Mat der 21. Etapp ass e Sonndeg déi 110. Editioun vum Tour de France op en Enn gaangen. Fir 150 Coureuren ass et do nach eemol iwwer ronn 115 Kilometer vu Saint-Quentin-en-Yvelines op Paräis gaangen. Op de legendäre Champs Elysées ass wéi gewinnt d'Decisioun am Sprint gefall. Nodeems déi lescht Echappée ronn 10 Kilometer viru Schluss agefaange gouf, hu sech d'Ekippe fir de Sprint präparéiert. Um Enn ass déi prestigiéis Etappevictoire un de Jordi Meeus gaangen. Mat am Peloton ass de Bob Jungels op der 79. Plaz iwwert d'Arrivée gefuer. Den Alex Kirsch ass mat engem Retard vun 1:43 Minutt den 103. ginn an de Kevin Geniets mat engem Retard vun 2:54 den 138.

De Jonas Vingegaard, dee sech d'Victoire am General fir dat zweete Joer hannertenee geséchert huet, ass op der leschter Etapp kuerz nom Peloton symbolesch zesumme mat senger Ekipp Jumbo-Visma iwwert d'Arrivée gefuer. Déi zweet Plaz am General geet un den Tadej Pogacar, Drëtten ass den Adam Yates.

De Bob Jungels gëtt um Enn de 26. mat engem Retard vu knapp zwou Stonnen, de Kevin Geniets steet um Enn op der 41. Plaz an den Alex Kirsch den 115.

D'Klassement vun der Etapp

1 MEEUS Jordi 2:56:13
2 PHILIPSEN Jasper ,,
3 GROENEWEGEN Dylan ,,
4 PEDERSEN Mads ,,
5 BOL Cees ,,
6 GIRMAY Biniam ,,
7 COQUARD Bryan ,,
8 WÆRENSKJOLD Søren ,,
9 STRONG Corbin ,,
10 MOZZATO Luca ,,

79 JUNGELS Bob ,,
103 KIRSCH Alex 1:43
138 GENIETS Kevin 2:54

D'Generalklassement

1 VINGEGAARD Jonas 82:05:42
2 POGAČAR Tadej 7:29
3 YATES Adam 10:56
4 YATES Simon 12:23
5 RODRÍGUEZ Carlos 13:17
6 BILBAO Pello 13:27
7 HINDLEY Jai 14:44
8 GALL Felix 16:09
9 GAUDU David 23:08
10 MARTIN Guillaume 26:30

26 JUNGELS Bob 1:58:46
41 GENIETS Kevin 2:44:14
115 KIRSCH Alex 5:00:55