Liane Lippert wënnt am Sprint

152 hiwweleg Kilometer stoungen op der 2. Etapp vum Tour de France Femmes um Programm, wéi et vu Clermont-Ferrand op Mauriac goung.
Op der zweeter Etapp vum Tour de France Femmes gouf et eng Victoire vun der Däitscher Championne Liane Lippert. D‘Nina Berton fiert haut als 86., 7 Minutten an 22 Sekonnen no der Gewënnerin iwwert d‘Arrivée. D‘Christine Majerus gouf 99. op 11 Minutten a 40 Sekonnen.
Am Generalklassement ass d'Lotte Kopecky aus der Belsch, Equipiere vum Majerus, op der éischter Plaz. Hei ass d'Berton déi 81. op ronn 12 Minutten, an d‘Majerus déi 106. op ronn 19 Minutten.
De Resumé vun der Etapp
Den Tempo am Peloton war vun Ufank un héich, esou datt dëse séier a méi Gruppe gebrach ass. Zimmlech fréi huet eng Grupp vu ronn 40 Coureuren, ënnert hinnen d'Christine Majerus an d'Marianne Vos, den Uschloss verpasst. Zäitgläich hu sech zwou Coureuren ofgesat. Vill méi wéi eng Minutt huet de Peloton hinnen am Ufank awer net zougestanen. D'Georgie Williams an d'Hannah Ludwig sinn awer Risiko gaangen an hu grad an den Descente bei Reen den Ecart nees konnten ausbauen.
D'Ekippen dohannert wollte sech dat awer net gefale loossen an hunn den Tempo nees ugezunn an hunn déi zwee un der Spëtzt agefaangen, dat ronn 55 Kilometer virun der Arrivée. Dat schlecht Wieder huet ëmmer nees zu Chutten am Peloton gefouert, ënner anerem war d'Van Vleuten an Lippert gefall, déi sech awer nees zeréckkämpfe konnten. Gläichzäiteg hunn d'Feeler hannen am Peloton dozou gefouert, datt der vir hir Chance wollte probéieren. Dëst sollt awer net wierklech geléngen, esou datt sech eng Grupp vu ronn 25 Coureuren op de leschte Kilometer gemaach hat. Déi beschte Been hat hei déi däitsch Championne Liane Lippert, obwuel déi am leschten Drëttel vun der Course nach an eng Chutte verwéckelt war.
D'Klassement vun der Etapp
1 LIPPERT Liane Movistar Team 4:13:43
2 KOPECKY Lotte Team SD Worx - Protime ,,
3 PERSICO Silvia UAE Team ADQ ,,
4 MOOLMAN Ashleigh AG Insurance - Soudal Quick-Step ,,
5 SCHWEINBERGER Christina Fenix-Deceuninck ,,
6 LUDWIG Cecilie Uttrup FDJ - SUEZ ,,
7 VOLLERING Demi Team SD Worx - Protime ,,
8 NIEWIADOMA Katarzyna Canyon//SRAM Racing ,,
9 VAN VLEUTEN Annemiek Movistar Team ,,
10 DRONOVA-BALABOLINA Tamara Israel Premier Tech Roland ,,
...
86 BERTON Nina CERATIZIT-WNT Pro Cycling 7:22
99 MAJERUS Christine Team SD Worx - Protime 11:40
D'Generalklassement no der 2. Etapp
1 KOPECKY Lotte Team SD Worx - Protime 7:17:36
2 LIPPERT Liane Movistar Team 0:49
3 DRONOVA-BALABOLINA Tamara Israel Premier Tech Roland 0:59
4 LUDWIG Cecilie Uttrup FDJ - SUEZ ,,
5 NIEWIADOMA Katarzyna Canyon//SRAM Racing ,,
6 LONGO BORGHINI Elisa Lidl - Trek ,,
7 MOOLMAN Ashleigh AG Insurance - Soudal Quick-Step ,,
8 VOLLERING Demi Team SD Worx - Protime ,,
9 VAN VLEUTEN Annemiek Movistar Team ,,
10 MUZIC Évita FDJ - SUEZ 1:03
...
81 BERTON Nina CERATIZIT-WNT Pro Cycling 12:08
107 MAJERUS ChristineTeam SD Worx - Protime 19:13