Sprinter fänken Echappée op de leschte Meter an, Wiebes wënnt Etapp

En Dënschdeg stounge 147,5 Kilometer um Programm tëscht Collonges-La-Rouge a Montignac-Lascaux. Ganzer fënnef Hiwwele hu missten bezwonge ginn.
Et sollt eng Finall ginn, déi sech op de leschte Meter decidéiert. D'Sprinter hunn Van de Velde, dat laang eleng virgefuer ass, op de leschten 200 Meter agefaangen an d'Etapp ënnert sech ausgemaach. Déi beschte Been hat d'Lorena Wiebes, wat sech virum Marianne Vos an dem Lotte Kopecky duerchsetze konnt. Béid Lëtzebuergerinne koume mam Peloton un a kruten 2 Sekonne Retard opgeschriwwen.
Am General bleift d'Kopecky weider a Giel, dat 55 Sekonne virum Liane Lippert a 65 Sekonne virum Ashliegh Moolman a sechs weidere Coureuren.
De Resumé vun der Etapp
Vum Start ewech huet d'Kathrin Hammes sech eleng op d'Rees vun dëser Etapp gemaach. Si konnt esouwuel d'Tempoverschäerfung vum Peloton wéi och Konterattacken ofwieren. Si konnt sech op den éischten dräi Kollen, ee Mol Kategorie dräi an zwee Mol Kategorie 4, déi maximal Punktzuel sécheren. Kuerz drop gouf d'Kathrin Hammes awer vum Peloton agefaangen, dat mat eppes iwwer 82 Kilometer nach ze fueren.
Datt de Peloton esou fréi nees zesumme war, huet dozou gefouert, datt et nees verschidde Versich, eng nei Echappée ze forméieren, gouf. Et war d'Julie Van de Velde, wat sech mat enger Attack eng Avance erausfuere konnt an sech och eng Avance vun iwwer 2 Minutten erausfuere konnt. Ma de Peloton huet dono ugezunn a probéiert, fir d'Belsch nach virun der Zillinn anzefänken. Et sollt de Sprinter eng 200 Meter virun der Arrivée geléngen, fir d'Van de Velde nach ze iwwerhuelen. Am Sprint konnt sech d'Lorena Wiebes virum Vos an dem Kopecky duerchsetzen.
D'Klassement vun der 3. Etapp
1 WIEBES Lorena Team SD Worx - Protime 3:49:47
2 VOS Marianne Team Jumbo-Visma ,,
3 KOPECKY Lotte Team SD Worx - Protime ,,
4 CONSONNI Chiara UAE Team ADQ ,,
5 BALSAMO Elisa Lidl - Trek ,,
6 MANLY Alexandra Team Jayco AlUla ,,
7 KOOL Charlotte Team dsm-firmenich ,,
8 ANDERSEN Susanne Uno-X Pro Cycling Team ,,
9 PALADIN Soraya Canyon//SRAM Racing 0:02
10 DE WILDE Julie Fenix-Deceuninck ,,
...
57 BERTON Nina CERATIZIT-WNT Pro Cycling 0:02
64 MAJERUS Christine Team SD Worx - Protime ,,
D'Generalklassement no der 3. Etapp
1 KOPECKY Lotte Team SD Worx - Protime 11:07:19
2 LIPPERT Liane Movistar Team 0:55
3 MOOLMAN Ashleigh AG Insurance - Soudal Quick-Step 1:05
4 NIEWIADOMA Katarzyna Canyon//SRAM Racing ,,
5 LONGO BORGHINI Elisa Lidl - Trek ,,
6 VAN VLEUTEN Annemiek Movistar Team ,,
7 DRONOVA-BALABOLINA Tamara Israel Premier Tech Roland ,,
8 VOLLERING Demi Team SD Worx - Protime ,,
9 LUDWIG Cecilie Uttrup FDJ - SUEZ ,,
10 SPRATT Amanda Lidl - Trek 1:09
...
78 BERTON Nina CERATIZIT-WNT Pro Cycling 12:14
102 MAJERUS Christine Team SD Worx - Protime 19:19