Et war eng laang Etapp vun 177,5 Kilometer an och fënnef Koppen, dovunner eng vun der Kategorie 2, déi tëscht Cahors a Rodez um Programm stoung.

D'Yara Kastelijn konnt sech aus der Echappée eraus eleng op d'Arrivée maachen an d'Etapp gewannen. Si hat 1 Minutt an 11 Sekonnen Avance op déi zweet Demi Vollering. Dohannert koumen zwou gréisser Gruppe un, dorënner och d'Christine Majerus, déi als 13. 1 Minutt an 23 Sekonne Réckstand hat. D'Nina Berton koum als 97 iwwert d'Arrivée mat bal 17 an enger hallwer Minutt Retard.

Am General huet nees kee Wee laanscht d'Lotte Kopecky gefouert, déi sech géint déi aner Favoritinnen duerchsetze konnt. Zweet ass elo nei hir Teamkolleegin Demi Vollering, déi sechs Plazen am General guttgemaach huet. Si huet 43 Sekonne Réckstand. Op Plaz 3 kënnt d'Ashleigh Moolman op 51 Sekonnen. Bescht Lëtzebuergerin ass d'Christine Majerus, déi als 74. e Retard vun 19 Minutten a 15 Sekonnen huet.

De Resumé vun der Etapp

E puer kleng Echappéeën haten et am Ufank vun der Course probéiert, bis eng gréisser Grupp vu 14 Coureuren, dorënner d'Christine Majerus, sech ofsetze konnt. Si hate gutt Been an e gudden Tempo a konnte sech eng Avance vu bis zu bal 7 Minutten erausfueren, dat ronn 55 Kilometer nom Depart.

No 71 Kilometer war et esouguer nach op 8 Minutten an 45 Sekonnen ugewuess an 100 Kilometer virun der Arrivée waren et iwwer 9 Minutten. No der Côte de Falgeyras huet dunn och de Peloton ugefaangen, op de grousse Virsprong ze reagéieren an den Tempo gouf verschäerft. Verschidden Ekippen hu sech vir ofgewiesselt, fir den Ecart schmëlzen ze doen. Ma 50 Kilometer viru Schluss war de Virsprong nach ëmmer bei eppes iwwer 9 Minutten, beim Tëschesprint waren et der just nach 8. De Virsprong ass dono weider séier geschmolt an d'Entente am Grupp Vir war net méi dee Beschten, esou datt et Attacken aus dësem Grupp eraus gouf.

Och de Peloton ass iwwert d'Koppen ënnerwee ëmmer méi kleng ginn, esou datt sech op de leschte Kilometer nach just d'Coureuren, déi op de General fueren, zesummefonnt hunn. D'Marianne Vos dogéint huet den Uschloss verpasst.Ëmmer nees hunn déi aner probéiert, d'Maillot Jaune Kopecky ze attackéieren, déi et awer och selwer e puer Mol probéiert huet.

Am Spëtzegrupp, deen och méi kleng gouf, hat d'Hollännerin Yara Kastelijn hir Begleederinnen iwwerrascht an hir Attack konnt net gekontert ginn, dat ronn 19 Kilometer virun der Arrivée. Hir Poursuivanten, dorënner och d'Christine Majerus, konnte si virun der Arrivée net méi afänken, esou datt Kastelijn sech dës Victoire séchere konnt, dat ronn 1 Minutt an 11 Sekonne virum Vollering a Koster. Aus dem Spëtzegrupp eraus konnt sech kee géint d'Lotte Kopecky behaapten. D'Maillot Jaune koum als 14. mat enger Minutt 27 Sekonne Retard iwwert d'Arrivée, just eng Plaz a 4 Sekonnen hannert der Christine Majerus.

D'Klassement vun der 4. Etapp

1 KASTELIJN Yara Fenix-Deceuninck 4:38:39
2 VOLLERING Demi Team SD Worx - Protime 1:11
3 KOSTER Anouska Uno-X Pro Cycling Team 1:12
4 VAN VLEUTEN Annemiek Movistar Team 1:13
5 LONGO BORGHINI Elisa Lidl - Trek ,,
6 NIEWIADOMA Katarzyna Canyon//SRAM Racing ,,
7 MOOLMAN Ashleigh AG Insurance - Soudal Quick-Step ,,
8 LE MOUEL Célia St Michel - Mavic - Auber93 WE ,,
9 HAMMES Kathrin EF Education-TIBCO-SVB1:23
10 ARZUFFI Alice Maria CERATIZIT-WNT Pro Cycling ,,
...
13 MAJERUS Christine Team SD Worx - Protime ,,
97 BERTON Nina CERATIZIT-WNT Pro Cycling 17:29

D'Generalklassement no der 4. Etapp

1 KOPECKY Lotte Team SD Worx - Protime 15:47:25
2 VOLLERING Demi Team SD Worx - Protime 0:43
3 MOOLMAN Ashleigh AG Insurance - Soudal Quick-Step 0:51
4 NIEWIADOMA Katarzyna Canyon//SRAM Racing ,,
5 LONGO BORGHINI Elisa Lidl - Trek ,,
6 VAN VLEUTEN Annemiek Movistar Team ,,
7 KASTELIJN Yara Fenix-Deceuninck 1:00
8 LIPPERT Liane Movistar Team 1:39
9 LABOUS Juliette Team dsm-firmenich 1:48
10 LUDWIG Cecilie Uttrup FDJ - SUEZ 1:49
...
74 MAJERUS Christine Team SD Worx - Protime 19:15
93 BERTON Nina CERATIZIT-WNT Pro Cycling 28:16