Bauernfeind wënnt en solitaire

126,5 Kilometer an dräi Koppe stoungen en Donneschdeg um Programm. Et goung vun Onet-Le-Château op Albi.
D'Ricarda Bauernfeind war an der Echappée vum Dag dobäi an déi eenzeg, déi dem Peloton eppes entgéintzesetzen hat. Zum Schluss koum si 22 Sekonne viru Reusser a Lippert, déi nach eng Konterattack lancéiert haten, an 32 Sekonne virum Recht vum éischte Peloton un. Bescht Lëtzebuergerin gouf d'Christine Majerus, déi mam zweete Peloton bal 13 Minutte Retard hat. D'Nina Berton koum mat enger weiderer gréisserer Grupp un, dat 17 Minutte no der Gewënnerin.
Am Generalklassement bleift d'Lotte Kopecky weider vir. Nei Zweet ass d'Ashleigh Moolmann op 49 Sekonnen an op der drëtter Plaz ass d'Elisa Longo op 51 Sekonnen. Hei ass d'Christine Majerus déi 71. op iwwer 31 Minutten an d'Nina Berton déi 93. op 45 Minutten.
De Resumé vun der Etapp
De Peloton ass scho ganz fréi an 3 Gruppen auserneegebrach, dat mat 15 Leit, déi sech fir d'Echappée zesummefonnt hunn, un der Spëtzt. Dës Grupp sollt duerch den héijen Tempo awer nach eng Kéier op 11 schrumpfen. No knapp 25 Kilometer hate si sech eng Avance vu 45 Sekonnen erausgefuer. D'Christine Majerus hat de Sprong an den zweete Grupp mat de Favoritte gepackt, wärend d'Nina Berton mam drëtte Grupp ënnerwee war.
Obwuel d'Echappée grouss war, sollt se net standhalen. Als Lescht konnt d'Ricarda Bauernfeind sech un der Spëtzt halen. 35 Kilometer virun der Arrivée hat si ee Moment nach just 15 Sekonnen Avance op de Peloton mat de Favoritten, si konnt hinnen an der kuerzer Descente a Richtung Sprint awer nees Zäit ofhuelen sech an den nächsten 10 Kilometer nees en Avantage vun iwwer enger Minutt erausfueren.
Dësen Ecart sollt awer net esou bleiwen an et sollt a wéi schonn op e puer Etappe bei dësem Tour, komm et zu engem Duell Echappée géint Peloton, deen op de leschte Kilometer sollt decidéiert ginn. Véier Kilometer virun der Arrivée huet sech aus dem Peloton e klenge Grupp opgemaach, fir sech an eng besser Positioun fir eng Victoire ze bréngen. Et sollt hinnen awer net geléngen an d'Bauernfeind konnt mat engem knappe Virsprong vun 22 Sekonnen an d'Zil kommen.
D'Klassement vun der 5. Etapp
1 BAUERNFEIND Ricarda Canyon//SRAM Racing 3:07:20
2 REUSSER Marlen Team SD Worx - Protime 0:22
3 LIPPERT Liane Movistar Team ,,
4 KOPECKY Lotte Team SD Worx - Protime 0:32
5 PALADIN Soraya Canyon//SRAM Racing ,,
6 MARKUS Riejanne Team Jumbo-Visma ,,
7 SANTESTEBAN Ane Team Jayco AlUla ,,
8 MOOLMAN Ashleigh AG Insurance - Soudal Quick-Step ,,
9 LONGO BORGHINI Elisa Lidl - Trek ,,
10 DEMAY Coralie St Michel - Mavic - Auber93 WE ,,
...
45 MAJERUS Christine Team SD Worx - Protime 12:41
95 BERTON Nina CERATIZIT-WNT Pro Cycling 17:18
D'Generalklassement no der 5. Etapp
1 KOPECKY Lotte Team SD Worx - Protime 18:55:17
2 MOOLMAN Ashleigh AG Insurance - Soudal Quick-Step 0:49
3 LONGO BORGHINI Elisa Lidl - Trek 0:51
4 NIEWIADOMA Katarzyna Canyon//SRAM Racing ,,
5 VAN VLEUTEN Annemiek Movistar Team ,,
6 KASTELIJN Yara Fenix-Deceuninck 1:00
7 VOLLERING Demi Team SD Worx - Protime 1:03
8 LIPPERT Liane Movistar Team 1:29
9 BAUERNFEIND Ricarda Canyon//SRAM Racing 1:38
10 LABOUS Juliette Team dsm-firmenich 1:48
...
71 MAJERUS Christine Team SD Worx - Protime 31:24
93 BERTON Nina CERATIZIT-WNT Pro Cycling 45:02