Norsgaard Bjerg wënnt aus Echappée eraus, Kopecky weider a Giel

© AFP
E Freideg ass et op der 6. Etapp iwwer 122 Kilometer vun Albi op Blagnac gaangen.
Um Enn huet sech d'Emma Norsgaard Bjerg d'Victoire geséchert. D'Coureurse vu Movistar war an der Echapée vum Dag a konnt um Enn eng Sekonn Avance op de Peloton iwwert d'Arrivée retten. Hannert der Dänin hu sech d'Charlotte Kool aus Holland an d'Leaderin Lotte Kopecky aus der Belsch am Sprint vum Peloton d'Plazen 2 an 3 geséchert.
D'Nina Berton an d'Christine Majerus sinn als 35. respektiv 78. mam Peloton ukomm.
Am General bleift d'Coequipière vum Christine Majerus d'Lotte Kopecky weider un der Spëtzt. Si huet eng Avance vun 53 Sekonnen op d'Ashleigh Moolman an der 55 op d'Annemiek Van Vleuten. D'Christine Majerus läit op der 69. Plaz op 31 Minutten an 28 Sekonnen. D'Nina Berton ass déi 92. op 45 Minutten a 6 Sekonnen.
SD Worx muss an der decisiver Phas vun der 2. Tour de France Femmes ouni hiren Teammanager Danny Stam eens ginn. D'UCI hat virun der 6. Etapp matgedeelt, datt den Hollänner wéinst sengem geféierleche Fuerstil a senge Wierder géintiwwer der Jury no der 5. Etapp vum weidere Verlaf vun der Course ausgeschloss ass.
De Stam hat en Donneschdeg d'Demi Vollering no engem technesche Problem am Wandschied nees an de Peloton eskortéiert. Dat ass awer den UCI-Reegelen no net erlaabt. D'Vollering krut doropshin eng Strof vun 20 Sekonnen an ass am General vun der zweeter op déi siwent Plaz zeréckgefall. De Stam hat no der Arrivée d'Decisioun vun der Jury schaarf kritiséiert.
E Samschdeg waart eng ganz schwéier Kinneksetapp op d'Dammen. 90 Kilometer ass déi zweetlescht Etapp laang. Et geet de Col d'Aspin erop an dann ass d'Arrivée uewen aus um Tourmalet. E Sonndeg geet et dann nach géint d'Zäit an da steet d'Gewënnerin vum Tour de France vun den Dammen definitiv fest.
De Resumé vun der Etapp
Op der 6. Etapp ass et iwwer 122 Kilometer vun Albi a Blagnac gaangen. D'Etapp e Freideg war gréisstendeels flaach, 4 Bierger vun der 4. Kategorie hunn op d'Lotte Kopecky a Co gewaart.
Kuerz virun der éischter Schwieregkeet vum Dag, 30 Kilometer nom Depart, huet sech d'Agnieszka Skalniak-Sojka zesumme mam Sandra Alonso aus dem Peloton ofgesat. D'Alonso konnt awer séier d'Rad vum Skalniak-Sojka net méi halen, esou datt just nach eng Coureuse un der Spëtzt louch.
Hannen ass et zou weideren Attacken am Peloton komm, sou datt sech no 51 Kilometer d'Echappée vum Dag da forméiert huet. Bei d'Skalniak-Sojka hunn d'Emma Norsgaard Bjerg an nees d'Sandra Alonso opgeschloss.
Déi maximal Avance vun der Echappée louch bei knapp 2 Minutten. Wat d'Arrivée méi no komm ass, wat de Virsprong op de Peloton ëmmer méi kleng ginn ass. D'Sprinterinne wollte sech déi lescht Chance op eng Victoire net entgoe loossen. Um Enn sollt et hinnen awer net geléngen, fir déi ganz Echappée anzefänken. D'Norsgaard Bjerg konnt bis zum Schluss un der Spëtzt bleiwen an huet sech d'Victoire geséchert. Déi zweete Plaz ass un d'Charlotte Kool gaangen an als Drëtt ass d'Leaderin Lotte Kopecky iwwert d'Arrivée gefuer. Si bleift domadder virun der Kinneksetapp a Giel.
D'Klassement vun der 6. Etapp
1 NORSGAARD Emma Movistar Team 2:59:16
2 KOOL Charlotte Team dsm-firmenich 0:01
3 KOPECKY Lotte Team SD Worx - Protime ,,
4 VOS Marianne Team Jumbo-Visma ,,
5 PALADIN Soraya Canyon//SRAM Racing ,,
6 CONSONNI Chiara UAE Team ADQ ,,
7 DE WILDE Julie Fenix-Deceuninck ,,
8 LACH Marta CERATIZIT-WNT Pro Cycling ,,
9 GUAZZINI Vittoria FDJ - SUEZ ,,
10 SKALNIAK-SÓJKA Agnieszka Canyon//SRAM Racing ,,
...
35 BERTON Nina CERATIZIT-WNT Pro Cycling ,,
78 MAJERUS Christine Team SD Worx - Protime ,,
D'Generalklassement no der 6. Etapp
1 KOPECKY Lotte Team SD Worx - Protime 21:54:30
2 MOOLMAN Ashleigh AG Insurance - Soudal Quick-Step 0:53
3 VAN VLEUTEN Annemiek Movistar Team 0:55
4 LONGO BORGHINI Elisa Lidl - Trek ,,
5 NIEWIADOMA Katarzyna Canyon//SRAM Racing ,,
6 KASTELIJN Yara Fenix-Deceuninck 1:04
7 VOLLERING Demi Team SD Worx - Protime 1:07
8 LIPPERT Liane Movistar Team 1:29
9 BAUERNFEIND Ricarda Canyon//SRAM Racing 1:42
10 LABOUS Juliette Team dsm-firmenich 1:52
...
69 MAJERUS Christine Team SD Worx - Protime 31:28
92 BERTON Nina CERATIZIT-WNT Pro Cycling 45:06