Remco Evenepoel gewënnt déi 43. Editioun vum spuenesche Klassiker

© Tom Goyvaerts via AFP
Iwwer 230 Kilometer hunn d'Coureuren e Samschdeg missen am Baskeland fueren. Den Depart an d'Arrivée louchen dobäi zu San Sebastián.
Mam Bob Jungels war och ee Lëtzebuerger um Depart. Dësen hat allerdéngs net säi beschten Dag erwëscht, soudatt de Lëtzebuerger Coureur, deen dëst Joer och beim Tour de France am Asaz war, näischt mat der Spëtzt vun der Course ze dinn hat. Schlussendlech huet de Lëtzebuerger d'Arrivée net gesinn, soudatt hien als DNF gelëscht gëtt. D'Victoire hunn deemno aner Coureuren ënnert sech ausgemaach.
42 Kilometer virun der Arrivée huet sech e klenge Spëtzegrupp ëm de Remco Evenepoel forméiert. Mam Belsch waren an dësem Grupp och nach de Pello Bilbao an den Aleksandr Vlasov vertrueden. Aus dësem 3er-Grupp ass 8 Kilometer virum wäisse Stréch en 2er-Grupp ginn. Dëst nodeems de Vlaslov an der leschter Montée net méi mathale konnt. 200 Meter virun der Arrivée huet den Evenepoel dunn nach eng Kéier acceleréiert an de Sprint lancéiert. De Spuenier Bilbao konnt hei net esou richteg mathalen, soudatt den Evenepoel d'Course um Enn souverän gewënnt.
D'Klassement vun der Course
1 EVENEPOEL Remco Soudal - Quick Step 5:30:59
2 BILBAO Pello Bahrain - Victorious ,,
3 VLASOV Aleksandr BORA - hansgrohe 0:28
4 POWLESS Neilson EF Education-EasyPost 2:50
5 IZAGIRRE Ion Cofidis 2:57
6 SKUJIŅŠ Toms Lidl - Trek 3:02
7 ARANBURU Alex Movistar Team ,,
8 COSTA Rui Intermarché - Circus - Wanty ,,
9 BAGIOLI Andrea Soudal - Quick Step ,,
10 BENOOT Tiesj Jumbo-Visma ,,
[...]
DNF JUNGELS Bob BORA - hansgrohe