De Michel Ries kënnt bei der Victoire vum Tim Merlier als 68. iwwert de Stréch

© Dirk Waem via AFP
E Samschdeg ass de Startschoss fir déi 80. Editioun vum Tour de Pologne gefall. Mat um Depart zu Posen ass och de Lëtzebuerger Michel Ries.
Op der éischter Etapp ass et fir d'Coureuren iwwer 183 Kilometer gaangen. Dobäi louche souwuel den Depart, ewéi och d'Arrivée zu Posen. Op enger relativ flaacher Etapp ass et kenger Echappée gelongen, fir sech eng anstänneg Avance erauszefueren, soudatt d'Decisioun ëm d'Victoire an engem Massesprint fale sollt.
An dësem Sprint konnt sech de Belsch Tim Merlier virum Hollänner Olav Kooij duerchsetzen. De Podium gëtt iwwerdeems vum Kolumbianer Fernando Gaviria komplettéiert.
De Lëtzebuerger Michel Ries ass als 68. ukomm. Hien ass, esou wéi dat ganzt Starterfeld, mat der selwechter Zäit wéi de Gewënner iwwert d'Ligne d'Arrivée gefuer. Am General läit den Lëtzebuerger iwwerdeems op der 35. Plaz.
Den Tim Merlier steet op der éischter Plaz am General. Op der zweeter Plaz ass de Patryk Stosz an op Plaz Dräi de Filippo Ridolfo.
Well am Tour de Pologne Bonus-Sekonne verdeelt ginn, sinn d'Resultat vun der éischter Etapp an de General no der éischter Etapp net identesch.
D'Resultat vun der 1. Etapp
1 MERLIER Tim Soudal - Quick Step 4:10:18
2 KOOIJ Olav Jumbo-Visma ,,
3 GAVIRIA Fernando Movistar Team ,,
4 BENNETT Sam BORA - hansgrohe ,,
5 WALSCHEID Max Cofidis ,,
6 PATERSKI Maciej Poland ,,
7 ANIOŁKOWSKI Stanisław Human Powered Health ,,
8 ABERASTURI Jon Lidl - Trek ,,
9 MARECZKO Jakub Alpecin-Deceuninck ,,
10 THIJSSEN Gerben Intermarché - Circus - Wanty ,,
[...]
68 RIES Michel Team Arkéa Samsic ,,
D'Generalklassement no der éischter Etapp
1 MERLIER Tim Soudal - Quick Step 4:10:08
2 STOSZ Patryk Poland 0:01
3 RIDOLFO Filippo Team Novo Nordisk 0:04
4 KOOIJ Olav Jumbo-Visma ,,
5 GAVIRIA Fernando Movistar Team 0:07
6 MAŁECKI Kamil Q36.5 Pro Cycling Team 0:08
7 BANASZEK Norbert Poland 0:09
8 KOLZE CHANGIZI Sebastian Tudor Pro Cycling Team 0:10
9 ASKEY Lewis Groupama - FDJ ,,
10 KREDER Wesley Cofidis ,,
[...]
35 RIES Michel Team Arkéa Samsic 0:10