D'Demi Vollering gewënnt d'Kinneksetapp an ass neie Leader

© Marcel van Hoorn via AFP
E Samschdeg ass et fir d'Coureuren op der siwenter a virleschter Etapp iwwer 89 Kilometer vu Lannemezan op de Col du Tourmalet gaangen.
Déi virlescht Etapp beim Dammen Tour de France hat et richteg a sech. Mat engem Bierg vun der hors Kategorie a mat engem Bierg vun der éischter Kategorie stoungen zwou schwéier Montéeën um Programm.
Op dëser Kinneksetapp konnt sech d'Demi Vollering duerchsetzen. Mat enger sensationeller Leeschtung an der leschter Montée ass et der Hollännerin gelongen, sech vun hire Konkurrentinnen ze distanzéieren an en solitaire uewen um Bierg unzekommen. Als Zweet koum d'Katarzyna Niewiadoma mat engem Retard vun 1 Minutt an 58 Sekonnen iwwert d'Zillinn gefuer. Déi drëtt Plaz geet un d'Annemiek van Vleuten, déi mat engem Retard vun 2 Minutten a 34 Sekonnen ukënnt.
D'Demi Vollering iwwerhëlt no dëser phänomenaler Course de giele Maillot vum Lotte Kopecky, wat als Fënneft mat engem Retard vun 3 Minutten an 32 Sekonnen ukënnt. E Sonndeg steet déi lescht Etapp vum Tour de France bei de Dammen um Programm. An engem Zäitfuere wäert sech dann decidéieren, wien de giele Maillot behale wäert.
D'Christine Majerus an d'Nina Berton kommen als 52. an als 53. iwwert d'Ligne d'Arrivée. Allebéid mat engem Retard vun 21 Minutten an 42 Sekonnen.
Am General steet d'Christine Majerus op der 60. Plaz mat engem Retard vun 52 Minutten an 13 Sekonnen. D'Nina Berton ass iwwerdeems dat 82. mat engem Retard vun 1 Stonn 5 Minutten an 51 Sekonnen.
De Resumé vun der Etapp
Den Ufank vun der Etapp war relativ flaach. Deemno huet de Profil vun der Etapp d'Coureuren invitéiert, fir an eng Echappée ze goen. Esou konnte sech ëmmer erëm e puer Gruppen distanzéieren, mä dës konnten ëmmer nees agefaange ginn. Am Peloton koum et iwwerdeems zu enger Chute, an déi dräi Coureure verwéckelt waren.
Doropshin ass et allerdéngs biergop gaangen an 73 Kilometer virun der Arrivée ass d'Coralie Demay dem Peloton dervu gefuer. Ronn 65 Kilometer virun dem wäisse Stréch gouf d'Fuererin allerdéngs vun enger zweeter Echappée agefaangen, déi sech kuerz virdru vum Peloton distanzéiert hat. Allerdéngs konnt och dëse Grupp sech net wäit genuch vum Peloton ofsetzen, soudatt de Peloton dës Echappée och nees afänke konnt.
45 Kilometer virun der Arrivée hunn dunn d'Susanne Andersen an d'Margot Pompanon probéiert dem Peloton dervun ze fueren, mä och hei sollt dës nëmme vu kuerzer Dauer sinn. Um Col d'Aspin waren et dunn dräi Coureuren, déi sech vum Peloton distanzéiert haten. D'Demi Vollering, d'Katarzyna Niewiadoma an d'Annemiek van Vleuten konnten dës Avance gutt verdeedegen a phaseweis esouguer ausbauen.
Kuerz virum Col du Tourmalet gouf dësen 3er-Grupp vun enger zweeter Echappée, an där och de Maillot Jaune war, agefaangen an zesumme si se de Bierg vun der hors Kategorie eropgefuer. An dëser Montée huet d'Demi Vollering d'Gonscht vun der Stonn genotzt a sech vum Grupp distanzéiert. D'Katarzyna Niewiadoma wollt nozéien, mä konnt den Tempo vun der jonker Hollännerin net matgoen, soudatt d'Demi Vollering eleng dervu gefuer ass.
Allebéid si se eleng de Bierg eropgefuer. Hannert hinnen huet de Grupp Maillot Jaune sech ofgetaascht. Esou konnt d'Demi Vollering mat enger Avance vun 1 Minutt an 58 Sekonnen als Éischt an en solitaire iwwert de wäisse Stréch fueren an d'Katarzyna Niewiadoma als Zweet. Mat engem Retard vun 2 Minutten a 34 Sekonne kënnt d'Annemiek van Vleuten als Drëtt uewen um Bierg un.
D'Demi Vollering iwwerhëlt domadder virun der leschter Etapp de giele Maillot vum Lotte Kopecky.
D'Klassement vun der 7. Etapp
1 VOLLERING Demi Team SD Worx - Protime 2:52:43
2 NIEWIADOMA Katarzyna Canyon//SRAM Racing 1:58
3 VAN VLEUTEN Annemiek Movistar Team 2:34
4 MOOLMAN Ashleigh AG Insurance - Soudal Quick-Step 2:43
5 LABOUS Juliette Team dsm-firmenich 2:46
6 KOPECKY Lotte Team SD Worx - Protime 3:32
7 SANTESTEBAN Ane Team Jayco AlUla 5:24
8 CAVALLI Marta FDJ - SUEZ 5:43
9 LUDWIG Cecilie Uttrup FDJ - SUEZ 5:46
10 BAUERNFEIND Ricarda Canyon//SRAM Racing 6:57
[...]
52 MAJERUS Christine Team SD Worx - Protime 21:42
53 BERTON Nina CERATIZIT-WNT Pro Cycling ,,
D'Generalklassement no der 6. Etapp
1 VOLLERING Demi Team SD Worx - Protime 24:48:10
2 NIEWIADOMA Katarzyna Canyon//SRAM Racing 1:50
3 VAN VLEUTEN Annemiek Movistar Team 2:28
4 KOPECKY Lotte Team SD Worx - Protime 2:35
5 MOOLMAN Ashleigh AG Insurance - Soudal Quick-Step 2:39
6 LABOUS Juliette Team dsm-firmenich 3:41
7 SANTESTEBAN Ane Team Jayco AlUla 6:23
8 LUDWIG Cecilie Uttrup FDJ - SUEZ 6:42
9 BAUERNFEIND Ricarda Canyon//SRAM Racing 7:42
10 SPRATT Amanda Lidl - Trek 8:18
[...]
60 MAJERUS Christine Team SD Worx - Protime 52:13
82 BERTON Nina CERATIZIT-WNT Pro Cycling 1:05:51