Op der leschter Etapp, engem Zäitfueren iwwer 22,6 Kilometer ronderëm Pau, gouf et eng Victoire vum Marlen Reusser.

Déi 2. Editioun vun der Tour de France Femmes gouf vum Demi Vollering (Team SD Worx) gewonnen. Am leschten Zäitfueren ass der Hollännerin eng zweet Plaz duergaangen, fir ganz uewen um Podium ze stoen. Um Enn hat d'Vollering eng Avance vun 3 Minutten an 3 Sekonnen op hir Teamkolleegin Lotte Kopecky. De Podium gouf vum Katarzyna Niewiadoma (Canyon//SRAM Racing) komplettéiert, déi op der leschter Etapp ganz knapp hannert d'Kopecky op déi 3. Plaz gefall ass. D'Christine Majerus aus der Ekipp vun der Gewënnerin an d'Nina Berton (CERATIZIT-WNT Pro Cycling) hunn den Tour op de Plaze 60 an 83 ofgeschloss.

De Maillot à pois fir déi bescht Biergfuererin goung un d'Katarzyna Niewiadoma. De grénge Maillot fir déi meescht Punkte krut d'Lotte Kopecky. D'Cédrine Kerbaol (CERATIZIT-WNT Pro Cycling) stoung ganz uewen um Podium vun der beschter jonker Fuererin.

Op der leschter Etapp gouf et eng Victoire vum Marlen Reusser am Zäitfueren. Ronn 10 Sekonnen hannert der Schwäizerin ass d'Demi Vollering iwwer d'Arrivée gefuer. D'Lotte Kopecky huet sech op der 3. Plaz klasséiert. De Podium vun der leschter Etapp war domadder komplett an der Hand vun der Ekipp SD Worx, déi och déi bescht Ekipp vum ganzen Tour gouf. D'Christine Majerus hat op der 59. Plaz e Retard vun 3 Minutten an 15 Sekonnen. D'Nina Berton gouf dat 97. mat engem Réckstand vun iwwer 4 Minutten.

D'Klassement vun der Etapp

1 REUSSER Marlen Team SD Worx 29:15
2 VOLLERING Demi Team SD Worx +0:10
3 KOPECKY Lotte Team SD Worx +0:38
4 BROWN Grace FDJ - SUEZ +0:40
5 MARKUS Riejanne Team Jumbo-Visma +0:50
6 LABOUS Juliette Team dsm-firmenich +1:17
7 BARIL Olivia UAE Team ADQ +1:18
8 GUAZZINI Vittoria FDJ - SUEZ +1:21
9 NIEWIADOMA Katarzyna Canyon//SRAM Racing +1:23
10 BRAND Lucinda Lidl - Trek +1:30
...
59 MAJERUS Christine Team SD Worx +3:15
97 BERTON Nina CERATIZIT-WNT Pro Cycling +4:27

 D'Generalklassement

1 VOLLERING Demi Team SD Worx 25:17:35
2 KOPECKY Lotte Team SD Worx +3:03
3 NIEWIADOMA Katarzyna Canyon//SRAM Racing ,,
4 VAN VLEUTEN Annemiek Movistar Team +3:59
5 LABOUS Juliette Team dsm-firmenich +4:48
6 MOOLMAN Ashleigh AG Insurance - Soudal Quick-Step +5:21
7 LUDWIG Cecilie Uttrup FDJ - SUEZ +9:09
8 SANTESTEBAN Ane Team Jayco AlUla +9:36
9 BAUERNFEIND Ricarda Canyon//SRAM Racing +9:56
10 SPRATT Amanda Lidl - Trek +10:14
...
60 MAJERUS Christine Team SD Worx +55:18
83 BERTON Nina CERATIZIT-WNT Pro Cycling +1:10:08