Um Sonndeg stoung déi 2. Etapp iwwer knapp 203 Kilometer vu Leszno op Karpacz mat enger méi schwiereger Schlussmontée um Programm.

Uewen aus konnt sech de Matej Mohoric (Bahrain - Victorious) virum Joao Almeida (UAE Team Emirates) an dem Michal Kwiatkowski (INEOS Grenadiers) duerchsetzen. De Kwiatkowski ass mat engem klenge Grupp 4 Sekonnen hannert dem Gewënner iwwert d'Arrivée gefuer. De Michel Ries ass op der 41. Plaz 1 Minutt a 24 Sekonnen hannert dem Mohoric ukomm.

De Mohoric iwwerhëlt no der Victoire och d'Féierung am General. Hien huet eng Avance vu 4 Sekonnen op den Almeida a vun 10 Sekonnen op de Kwiatkowski op der 3. Plaz. De Michel Ries ass do den 38. mat engem Réckstand vun 1 Minutt a 34 Sekonnen.

D'Klassement vun der Etapp

1 MOHORIČ Matej Bahrain - Victorious 4:56:59
2 ALMEIDA João UAE Team Emirates ,,
3 KWIATKOWSKI Michał INEOS Grenadiers +0:04
4 ONLEY Oscar Team dsm - firmenich ,,
5 VAN WILDER Ilan Soudal - Quick Step ,,
6 MARTINEZ Lenny Groupama - FDJ ,,
7 BATTISTELLA Samuele Astana Qazaqstan Team ,,
8 DUNBAR Eddie Team Jayco AlUla ,,
9 MONIQUET Sylvain Lotto Dstny ,,
10 MAJKA Rafał UAE Team Emirates ,,
...
41 RIES Michel Team Arkéa Samsic +1:24

De General

1 MOHORIČ Matej Bahrain - Victorious 9:07:07
2 ALMEIDA João UAE Team Emirates +0:04
3 KWIATKOWSKI Michał INEOS Grenadiers +0:10
4 VAN WILDER Ilan Soudal - Quick Step +0:14
5 DUNBAR Eddie Team Jayco AlUla ,,
...
38 RIES Michel Team Arkéa Samsic +1:34