Olav Kooij wënnt Etapp, Matej Mohoric bleift Leader

© AFP (Archiv)
Op der 4. Etapp vun der Tour duerch Polen goung et vu Strzelin op Opole, dat iwwer 199,1 Kilometer mat enger klenger Montée dotëscht.
Um Schluss sollt d'Etapp am Sprint decidéiert ginn an hei hat den Hollänner Olav Kooji déi beschte Been. Hie koum viru sengem Landsmann Marijn Van den Berg an dem Italiener Matteo Moschetti iwwert d'Linn. Am Peloton war och e Michel Ries, deen zäitgläich mam Gewënner als 102. gewäert gëtt.
Am Generalklassement bleift de Matej Mohoric un der Spëtzt. D'Plazen zwee an dräi hunn de Joao Almeida an de Rafal Majka getosch. Béid hunn 10 Sekonne Retard. De Michel Ries huet als 39. e Retard vun iwwer 2 Minutten.
D'Klassement vun der 4. Etapp
1 KOOIJ Olav Jumbo-Visma 4:23:15
2 VAN DEN BERG Marijn EF Education-EasyPost ,,
3 MOSCHETTI Matteo Q36.5 Pro Cycling Team ,,
4 WALSCHEID Max Cofidis ,,
5 BENNETT Sam BORA - hansgrohe ,,
6 MARECZKO Jakub Alpecin-Deceuninck ,,
7 MERLIER Tim Soudal - Quick Step ,,
8 DE KLEIJN Arvid Tudor Pro Cycling Team ,,
9 TAMINIAUX Lionel Alpecin-Deceuninck ,,
10 KOPECKÝ Matyáš Team Novo Nordisk ,,
...
102 RIES Michel Team Arkéa Samsic ,,
D'Generalklassement
1 MOHORIČ Matej Bahrain - Victorious 17:38:11
2 ALMEIDA João UAE Team Emirates 0:10
3 MAJKA Rafał UAE Team Emirates ,,
4 KWIATKOWSKI Michał INEOS Grenadiers 0:12
5 DUNBAR Eddie Team Jayco AlUla 0:20
6 VAN WILDER Ilan Soudal - Quick Step ,,
7 ONLEY Oscar Team dsm - firmenich ,,
8 BATTISTELLA Samuele Astana Qazaqstan Team ,,
9 MARTINEZ Lenny Groupama - FDJ ,,
10 MONIQUET Sylvain Lotto Dstny ,,
...
39 RIES Michel Team Arkéa Samsic 2:13