Fir d‘Nina Berton ass een Dram an Erfëllung gaangen. Si gouf nämlech vun hirer Ekipp fir den Tour de France selektionéiert.

Si ass dësen och op een Enn gefuer. Dobäi huet d‘Lëtzebuergerin an hir Co-Equipièren et fäerdeg bruecht, datt d‘Cédrine Kerbaol de Maillot Blanc vun der beschter Jonker konnt gewannen. An deem Klassement ass d‘Nina Berton op déi 9. Plaz komm. Am RTL-Interview erzielt d‘Coureuse, wéi si déi 8 Etappen am Tour de France erlieft huet.

Nina Berton/Reportage Rich Simon