Schlussvictoire fir de Matej Mohoric

© AFP (Archiv)
Op der leschter Etapp huet sech e Freideg de Belsch Tim Merlier behaapt.
No 7 Etappen ass e Freideg den Tour duerch Polen mat enger Schlussvictoire vum Matej Mohoric op en Enn gaangen. De Slowen huet sech mat engem Virsprong vun nëmmen enger Sekonne virum Portugis Joao Almeida behaapt. Drëtten ass de Pol Michal Kwiatkowski op 17 Sekonne ginn.
Op der 7. a leschter Etapp hat sech de Belsch Tim Merlier am Massesprint virum Hollänner Arvid De Kleijn an dem Kolumbianer Fernando Gaviria duerchgesat.
De Michel Ries ass am Peloton als 76. ukomm. Um Enn gëtt hien de 35. op 3 Minutten an 42 Sekonnen.
D'Klassement vun der 7. Etapp
1 MERLIER Tim Soudal - Quick Step 3:28:44
2 DE KLEIJN Arvid Tudor Pro Cycling Team ,,
3 GAVIRIA Fernando Movistar Team ,,
4 THIJSSEN Gerben Intermarché - Circus - Wanty ,,
5 PENHOËT Paul Groupama - FDJ ,,
6 ANIOŁKOWSKI Stanisław Human Powered Health ,,
7 GAUTHERAT Pierre AG2R Citroën Team ,,
8 SELIG Rüdiger Lotto Dstny ,,
9 MOSCHETTI Matteo Q36.5 Pro Cycling Team ,,
10 PASQUALON Andrea Bahrain - Victorious ,,
...
76 RIES Michel Team Arkéa Samsic ,,
D'Schlussklassement
1 MOHORIČ Matej Bahrain - Victorious 26:17:48
2 ALMEIDA João UAE Team Emirates 0:01
3 KWIATKOWSKI Michał INEOS Grenadiers 0:17
4 VAN WILDER Ilan Soudal - Quick Step 0:22
5 CATTANEO Mattia Soudal - Quick Step 0:41
6 MCNULTY Brandon UAE Team Emirates 0:42
7 DUNBAR Eddie Team Jayco AlUla 0:55
8 MAJKA Rafał UAE Team Emirates 0:58
9 BATTISTELLA Samuele Astana Qazaqstan Team 1:00
10 ONLEY Oscar Team dsm - firmenich 1:07
...
35 RIES Michel Team Arkéa Samsic 3:42