Den Hollänner gewënnt säin éischte Weltmeeschtertitel op der Strooss. D'Course huet tëschenzäitlech wéinst Protester mussen ënnerbrach ginn.

De Mathieu van der Poel ass neie Stroosseweltmeeschter. Um Parcours ronderëm Glasgow hat den Hollänner déi séierst Been a ka sech eng éischt Kéier d'Weltmeeschterkroun opsetzen. Niewebäi war et déi éischt Victoire bei enger Weltmeeschterschaft fir Holland zënter 1985 duerch de Joop Zoetemelk.

Et ass déi fënneft Victoire an dëser Saison fir de van der Poel a wuel seng wichtegst. Hannert him klasséiere sech de Wout van Aert, den Tadej Pogacar an de Mads Pedersen.

40 Kilometer virun der Arrivée hat sech eng Grupp ronderëm de van der Poel, de Wout van Aert, de Mads Pedersen, den Tadej Pogacar an den Alberto Bettiol forméiert.

De Mathieu van der Poel hat 22 km virun der Arrivée attackéiert a sech eng maximal Avance vun annerhallwer Minutt op seng Verfolger erausgefuer, woubäi hie kuerz virum leschten Tour gefall war an e puer Sekonne verluer hat.

Déi véier Lëtzebuerger Coureuren, déi um Start waren, Alex Kirsch, Tom Wirtgen, Kevin Geniets a Cedric Pries, hunn opginn.

D'Course huet no gefuerenen 80 Kilometer mussen ënnerbrach ginn, well sech Demonstrante vun der Organisatioun "This is Rigged" Zougang zur Streck verschaf an d'Strooss blockéiert haten. De Spëtzegrupp, deen eng Avance vu knapp aacht Minutten op de Peloton hat, huet mussen unhalen, kuerz drop gouf och de Peloton ugehalen. No 52 Minutten Ënnerbriechung konnt d'Course weidergoen.

D'Resultat vun der Course

1 Mathieu van der Poel 6:07:27
2 Wout van Aert +1:37
3 Tadej Pogacar +1:45
4 Mads Pedersen ''
5 Stefan Küng +3:48
6 Jasper Stuyven ''
7 Matthew Dinham ''
8 Toms Skujins ''
9 Tiesj Benoot ''
10 Alberto Bettiol +4:03