Tour de la Guadeloupe
Alexandre Kess wënnt 3. Etapp "en solitaire" an ass neie Leader
Am Cyclissem huet den Alexandre Kess e Méindeg déi drëtt Etapp vum Tour de la Guadeloupe gewonnen.
Den 20 Joer ale Lëtzebuerger, deen um Dënschdeg Gebuertsdag huet, iwwerhëlt domat och d'Féierung am General. Hei huet hien eng Avance vun 1 Minutt an 9 Sekonnen op den Zweetplacéierten. Mam Ivan Centrone a Jacques Gloesener sinn zwee weider Lëtzebuerger um Depart. Si leien op de Plazen 30 an 59 am General.
Am meeschte gelies