Remco Evenepoel kréint sech zum Weltmeeschter am Zäitfueren

Remco Evenepoel, jéngste Weltmeeschter am Zäitfuere vun allen Zäiten / © AFP
De Belsch huet sech mat engem Virsprong vun 12,28 Sekonne virum Italieener Filippo Ganna behaapt.
De Remco Evenepoel huet sech e Freideg zu Glasgow bei der WM am Cyclissem de Weltmeeschtertitel am Zäitfuere geséchert. Fir den Evenepoel war et no Sëlwer (2019) a Bronze (2021 an 2022) déi éischt WM-Goldmedail am Zäitfueren.
De Belsch war um 47,8 Kilometer laange Circuit 12 Sekonne méi séier wéi de fréiere Weltmeeschter Filippo Ganna aus Italien. Bronze huet de Britt Joshua Tarling gewonnen. Hien hat e Retard vun 48 Sekonnen.
Et war kee Lëtzebuerger um Depart.
D'Resultat
1 EVENEPOEL Remco Belgium 0:55:19
2 GANNA Filippo Italy 0:12
3 TARLING Joshua Great Britain 0:48
4 MCNULTY Brandon United States 1:27
5 VAN AERT Wout Belgium 1:37
6 OLIVEIRA Nelson Portugal 1:52
7 DENNIS Rohan Australia 1:54
8 CATTANEO Mattia Italy 1:57
9 BJERG Mikkel Denmark 1:59
10 THOMAS Geraint Great Britain 2:04