E Samschdeg de Mëtteg war a Schottland bei der WM am Cyclissem d'Stroossecourse an der Kategorie vun den U23.

Hei ass et fir déi 177 Coureuren iwwer ronn 168 Kilometer vu Loch Lomond op Glasgow gaangen. Um Enn war d'Victoire knapp fir de Fransous Axel Laurance, deen 2 Sekonne méi séier wéi den Antonio Morgado an den Martin Svrcek war, déi op d'Plazen 2 an 3 komm sinn.

Aus Lëtzebuerger Siicht ass de Mats Wenzel op eng staark 20. Plaz gefuer, dat mat engem Retard vun 3 Minutten a 16 Sekonnen. De Mathieu Kockelmann, de Loïc Bettendorff, den Noé Ury an den Arno Wallenborn sinn d'Course iwwerdeems net op en Enn gefuer, genausou wéi knapp 100 aner Coureuren.

Donieft ass och de lëtzebuergesche Para-Sportler Joel Adams e Samschdeg a Schottland bei der Stroossecourse un den Depart gaangen. Iwwer 93 Kilometer ass hien als 16. ukomm, nodeems de Lëtzebuerger och scho beim Zäitfueren op déi 13. Plaz komm war.

Bei schwéiere Wiederkonditioune goufen et fréi Attacken, déi dofir gesuergt hunn, dass den Adams vun Ufank un an engem klenge Verfolgergrupp war, deen net méi un d'Coureure virdrun erukomm ass. Gewonnen huet d'Course iwwerdeems de William Bjergfelt.

D'Resultat vun den U23

1 LAURANCE Axel France 4:04:58
2 MORGADO Antonio Portugal +0:02
3 SVRCEK Martin Slovakia ,,
4 ROOTKIN-GRAY Jack Great Britain ,,
5 MILESI Lorenzo Italy ,,
6 KRETSCHY Moritz Germany +0:09
7 SEGAERT Alec Belgium +1:01
8 ROMEO Ivan Spain ,,
9 WALKER Max Great Britain +1:03
10 GAUTHERAT Pierre France +1:41
...
20 WENZEL Mats Luxembourg +3:16