E Sonndeg ass et fir d'Dammen zum Ofschloss vun der Cyclissem-WM iwwer 154 Kilometer vu Loch Lomond op Glasgow gaangen.

Um Enn war et d'Lotte Kopecky, déi als éischt iwwer d'Zillinn gefuer ass an domat nei Weltmeeschterin op der Strooss ass. D'Belsch war 7 Sekonne méi séier wéi d'Hollännerin Demi Vollering. Komplettéiert gouf de Podium vum Cecilie Ludwig aus Dänemark, dat och ee Retard vu 7 Sekonnen op d'Kopecky hat.

Déi aktuell Weltmeeschterin Annemiek van Vleuten huet et iwwerdeems op déi 8. Plaz gepackt, dat mat engem Réckstand vun 2:48 Minutten.

Aus lëtzebuergescher Siicht waren d'Christine Majerus, d'Marie Schreiber an d'Nina Berton mat um Depart. Wärend d'Christine Majerus an d'Nina Berton d'Course net op en Enn gefuer sinn, ass d'Marie Schreiber mat engem Retard vu 14 Minutten an 49 Sekonnen op déi 60. Plaz gefuer.

Am Klassement vun den U23 war déi éischt Plaz fir d'Ungarin Kata Blanka Vas, déi sech virum Shirin van Anrooij an dem Anna Shackley duerchsetze konnt. Hei ass d'Marie Schreiber op déi 11. Plaz komm.

D'Resultat vun der Stroossecourse

1 KOPECKY Lotte Belgium 4:02:12
2 VOLLERING Demi Netherlands +0:07
3 LUDWIG Cecilie Denmark +0:07
4 REUSSER Marlen Switzerland +0:12
5 SCHWEINBERGER Christina Austria +0:34
6 DEIGNAN Elizabeth Great Britain +0:34
7 CHABBEY Elise Switzerland +1:24
8 VAN VLEUTEN Annemiek Netherlands +2:48
9 MARKUS Riejanne Netherlands +3:51
10 GARCIA Mavi Spain +4:05
...
60 SCHREIBER Marie Luxembourg +14:49