Laang Reesen um Vëlo si fir de Michael Merten eng Passioun. D'Aventure, déi dëse Weekend op en Enn goung, wäert hien awer net vergiessen.

"Ech hu vill flott Touren an de leschten zéng Joer gemaach, awer dat hei war bei wäitem déi emotionaalst. D'Ënnerstëtzung an d'Dankbarkeet vun den Ukrainer war grouss an huet mir vill Kraaft ginn."

Laang Reesen um Vëlo si fir de Michael Merten eng Passioun. D'Aventure, déi dëse Weekend op en Enn goung, wäert hien awer net vergiessen. 42 Deeg souz den Tréierer, deen hei am Land beim Wort als Journalist schafft elo um Suedel. Eng intensiv Zäit.

Vu Lëtzebuerg bis op Kiew

2.725 Kilometer an 20.577 Héichtemeter fir de gudden Zweck. 3.500 Euro konnt de Michael Merten bis elo mat senger Charity Bike Tour sammelen. Geld zu Gonschte vun zwee Projeten: Spende fir en Hëllefsprojet, deen et ukrainesche Kanner erméigleche wäert, a Vakanzekolonien ze goen, fir vum Krich of ze schalten. A fir Iesswueren ze kafen, déi am Kader vun engem Projet an der Regioun vu Charkiw verdeelt wäerte ginn.

Wéi de Michael Merten sech den 1. Juli vun der Gëlle Fra aus mam Vëlo op de Wee gemaach huet, war den Tréierer sech es net bewosst, wat fir eng Well u Begeeschterung seng aussergewéinlech Rees an der Ukrain selwer ausléise géif. Ënner anerem zu Winnyzja, eng 270 Kilometer süd-westlech vu Kiew, gouf hien direkt vun engem ganze Peloton begleet. Dat Sportlecht ass um Enn just anekdotesch. Et bleift dat Mënschlecht. Wéi den Echange mat enger eelerer Fra an engem klengen Duerf.

"Ze spieren, wéi vill et de Leit bedeit, datt ee mam Vëlo de wäite Wee vu Lëtzebuerg bis bei si gefuer ass, wäert mech sécher de Rescht vu mengem Liewen begleeden."

Angscht hat de Michael Merten wärend der Rees duerch d'Ukrain direkt keng. D'Streck hat hie sou geplangt, datt e sech vun de Gebidder, an deene gekämpft gëtt, ewech gehalen huet. An awer war de Krich all Dag present. Eleng duerch d'Gespréicher mat de Leit. Et gëtt keen Ukrainer, deen net eng Persoun kennt, déi un der Front kämpft. Respektiv déi eng Persoun kennt, déi zanter dem Ufank vun der russescher Invasioun gefall ass.

Méi Detailer iwwer dem Micheal Merten säi Projet ginn et um Internet Site www.michael-merten.eu.

RTL

© Michael Merten