De Lëtzebuerger hat rezent säi Kontrakt bei Lidl-Trek verlängert. Am Interview schwätzt hien iwwert seng Ziler an déi vun der Ekipp.

Den Alex Kirsch ass vun 2012 bis 2014 fir d'Nowuessekipp Leopard Trek gefuer a war an dëser Zäit och Stagiaire bei der World-Tour-Ekipp. No e puer Tëschestatiounen huet de Lëtzebuerger Champion, dee mëttlerweil an Andorra lieft, 2019 bei Trek ënnerschriwwen.

De Kapitän de Route hat wuel Offere vun anere Formatiounen, mee huet bei senger aler Ekipp dat zeréckfonnt, wat hie gesicht huet - Eng staark Klassikerekipp, bei engem Grand Tour dobäi sinn an e gudde Sprinter an der Ekipp ze hunn. Ausserdeem gefält dem Alex Kirsch, dass den neie Sponsor Lidl seng Suen net nëmmen a Coureuren ewéi den Giro-Gewënner vun 2020 Tao Geoghegan Hart investéiert, mee och erëm an eng Nowuessekipp.

Dem Alex Kirsch seng Ziler bleiwen e gutt Resultat bei de Pawee-Klassiker a Victoiren als Ufuerer vum Mads Pedersen.