Victoire fir de Mads Pedersen, Alex Kirsch gëtt den 101.

© AFP (Archiv)
Um Sonndeg stoungen d'Bemer Cyclassics iwwer 205,6 Kilometer ronderëm Hamburg um Programm.
Um Enn huet sech de Mads Pedersen (Lidl-Trek), Teamkolleeg vum Alex Kirsch, am Massesprint duerchgesat. Op d'Plazen 2 an 3 koumen den Danny van Poppel (BORA - hansgrohe) an den Elia Viviani (INEOS Grenadiers).
An de leschte 15 Kilometer war et nach emol spannend ginn, well de Nils Politt, de Brandon McNulty an den Yves Lampaert sech ofgesat haten. Déi 3 Coureure goufe réischt an de leschte Meter virun der Arrivée vum Peloton agefaangen.
Aus Lëtzebuerger Siicht huet sech den Alex Kirsch op der 101. Plaz mat engem Retard vun 3 Minutten an 21 Sekonne klasséiert.
D'Klassement vun der Course
1 PEDERSEN Mads Lidl - Trek 4:36:35
2 VAN POPPEL Danny BORA - hansgrohe ,,
3 VIVIANI Elia INEOS Grenadiers ,,
4 DÉMARE Arnaud Team Arkéa Samsic ,,
5 PITHIE Laurence Groupama - FDJ ,,
6 LAMPAERT Yves Soudal - Quick Step ,,
7 DE LIE Arnaud Lotto Dstny ,,
8 POLITT Nils BORA - hansgrohe ,,
9 KANTER Max Movistar Team ,,
10 HIRSCHI Marc UAE Team Emirates ,,
...
101 KIRSCH Alex Lidl - Trek +3:21