E Samschdeg ass den Optakt vun der 78. Vuelta.

Den Tour duerch Spuenien ass traditionell deen drëtte groussen Tour vun der Saison am Cyclissem. Mam Michel Ries geet ee Lëtzebuerger zu Barcelona un den Depart. Am RTL-Interview huet hien iwwert seng Preparatioun geschwat a wéi et nom d'Giro fir hie weidergaangen ass.

Donieft huet de 25 Joer ale Profi vun Arkea Samsic och seng Meenung iwwert de Favorittekrees ronderëm Evenepoel, Vingegaard a Roglic ginn.

Virschau Vuelta mam Michel Ries / Reportage Jeff Kettenmeyer