Alex Kirsch gëtt den 10. op der 1. Etapp

© AFP
Gewonne gouf déi 1. Etapp vum Belsch Ilan van Wilder. Hien huet sech am Sprint aus engem klenge Grupp eraus behaapt.
Op der 1. Etapp vum Tour duerch Däitschland ass den Alex Kirsch en Donneschdeg op déi 10. Plaz gefuer. No 179 Kilometer vu Sankt Wendel op Merzig war den Ilan van Wilder am Sprint vun engem klenge Grupp, dee sech an de leschten 10 Kilometer ofgesat hat, dee Séiersten. Op d'Plazen 2 an 3 sinn den Éisträicher Felix Gosschartner an de Fransous Pavel Sivakov gefuer. Den Alex Kirsch hat mam éischte Peloton e Retard vun 10 Sekonnen.
No senger 13. Plaz am Prolog vun e Mëttwoch ass de Lëtzebuerger Champion am General elo de 14. op 22 Sekonnen. Leader ass no der Victoire op der 1. Etapp de Belsch Ilan van Wilder vu Soudal - Quick Step.
D'Course dauert nach bis e Sonndeg.
D'Resultat vun der Etapp
1 VAN WILDER Ilan Soudal - Quick Step 4:17:39
2 GROßSCHARTNER Felix UAE Team Emirates ,,
3 SIVAKOV Pavel INEOS Grenadiers ,,
4 VERMAERKE Kevin Team dsm - firmenich 0:03
5 BILBAO Pello Bahrain - Victorious ,,
6 TEUNS Dylan Israel - Premier Tech ,,
7 VAN POPPEL Danny BORA - hansgrohe 0:10
8 VERNON Ethan Soudal - Quick Step ,,
9 ARNDT Nikias Bahrain - Victorious ,,
10 KIRSCH Alex Lidl - Trek ,,
De General
1 VAN WILDER Ilan Soudal - Quick Step 4:19:56
2 GROßSCHARTNER Felix UAE Team Emirates 0:09
3 SIVAKOV Pavel INEOS Grenadiers 0:10
4 VERNON Ethan Soudal - Quick Step 0:16
5 VAN POPPEL Danny BORA - hansgrohe 0:19
6 POLITT Nils BORA - hansgrohe ,,
7 BILBAO Pello Bahrain - Victorious 0:20
8 VERMAERKE Kevin Team dsm - firmenich 0:21
9 TEUNS Dylan Israel - Premier Tech ,,
10 TILLER Rasmus Uno-X Pro Cycling Team ,,
...
14 KIRSCH Alex Lidl - Trek 0:22