Den 22 Joer ale Coureur vun der Ekipp Lotto Dstny hat e Mëttwoch en Trainingsacccident an der Gemeng Lier bei Antwerpen.

Wéi d'Team matdeelt, war hien hefteg an den hënneschten Deel vun engem Auto gerannt. E koum an d'Spidol op Lier a gouf do direkt operéiert. Zanterhier war hien am kënschtleche Koma. E Freideg de Moien huet en de Kampf dunn awer verluer.

Hien hat dëst Joer bei den Espoiren Paris-Roubaix gewonnen.