Déi 78. Editioun vun der Vuelta a Espana ass mat engem Team-Zäitfueren iwwer 14,8 Kilometer vu Barcelona op Barcelona gestart ginn.

Gewonne gouf d'Ekippen-Zäitfueren, wat bei ganz schwéiere Wiederkonditiounen ofgehale gouf an een deelweis duerch de Reen an d'Däischtert net méi vill gesinn huet, vun der Ekipp dsm-firmenich mat nëmmen enger Sekonn viru Movistar. Leader am General ass de Lorenzo Milesi. Hie war als Éischte vu senger Ekipp iwwert de wäisse Stréch gefuer.

Mam Michel Ries vum Team Arkea Samsic ass och e Lëtzebuerger mat um Depart. Arkea Samsic huet sech mat engem Retard vun enger Minutt an 18 Sekonnen op der 22. an domadder leschter Plaz klasséiert.

E Sonndeg steet dann déi 2. Etapp um Programm. Et geet iwwer 182 Kilometer vu Mataro op Barcelona.

Mat dobäi sinn dëst Joer ënnert anerem déi zwee Jumbo-Visma Coureure Primoz Roglic an den Tour de France Gewënner Jonas Vingegaard, de Geraint Thomas sou wéi den Titelverdeedeger Remco Evenepoel.

D'Resultat vun der Etapp

1. Team DSM-Firmenich, 17'30''15
2. Movistar, +00
3. EF Education-EasyPost, +06
4. Soudal Quick-Step, +06
5. Groupama-FDJ, +06
...
22 Team Arkéa Samsic +1:18

De General

1 MILESI Lorenzo Team dsm - firmenich 20 0:17:30
2 POOLE Max Team dsm - firmenich ,,
3 BARDET Romain Team dsm - firmenich ,,
4 FLYNN Sean Team dsm - firmenich ,,
5 ONLEY Oscar Team dsm - firmenich ,,
6 HAMILTON Chris Team dsm - firmenich ,,
7 MAS Enric Movistar Team ,,
8 RUBIO Einer Augusto Movistar Team ,,
9 OLIVEIRA Nelson Movistar Team ,,
10 GARCÍA CORTINA Iván Movistar Team ,,
...
148 RIES Michel Team Arkéa Samsic 1:18