Andreas Kron dee Séiersten

© AFP
E Sonndeg stoung déi 2. Etapp um Programm. Et ass iwwer 182 Kilometer vu Mataro op Barcelona gaangen.
Op en Neits hat de Peloton et mat ganz schwéiere Wiederkonditiounen ze dinn, sou dass d'Organisateure virum Depart decidéiert hunn, Zäite fir de General schonn 9 Kilometer virun der Arrivée, engem manner geféierlechem Passage wéi um wäisse Stréch, ze notéieren.
Gewonne gouf d'Etapp vum Dän Andreas Kron vun der Ekipp Lotto Dstny. Hien huet sech kuerz virum Zil duerch eng Attak vun der Konkurenz oofgesaat. Op d'Plazen 2 an 3 kommen den Australier Kaden Groves (Alpecin-Deceuninck) an den Italiener Andrea Vendrame un Ag2R Citroen.
Mam Michel Ries vum Team Arkea Samsic ass och e Lëtzebuerger mat um Depart. Hien klasséiert sech als 116.
Am General ass den Italiener Andrea Piccolo (EF Education-EasyPost) neie Leader. Hei steet den Michel Ries op der 118 Plaz.
D'Resultat vun der Etapp
1 KRON Andreas Lotto Dstny 0:00
2 GROVES Kaden Alpecin-Deceuninck 0:00
3 VENDRAME Andrea AG2R Citroën Team 0:00
4 BAGIOLI Andrea Soudal - Quick Step 0:00
5 BARCELÓ Fernando Caja Rural - Seguros RGA 0:00
6 GARCÍA CORTINA Iván Movistar Team 0:00
7 GRÉGOIRE Romain Groupama – FDJ 0:00
8 VAN EETVELT Lennert Lotto Dstny 0:00
9 VAN DEN BERG Marijn EF Education-EasyPost 0:00
10 GOOSSENS Kobe Intermarché - Circus – Wanty 0:00
116 RIES Michel Team Arkéa Samsic 0:00
De General
1 PICCOLO Andrea EF Education-EasyPost 4:27:23
2 ROMO Javier Astana Qazaqstan Team 0:11
3 GARCÍA CORTINA Iván Movistar Team 0:13
4 BARDET Romain Team dsm – firmenich ,,
5 POOLE Max Team dsm – firmenich ,,
6 OLIVEIRA Nelson Movistar Team ,,
7 ERVITI Imanol Movistar Team ,,
8 MAS Enric Movistar Team ,,
9 RUBIO Einer Augusto Movistar Team ,,
10 FLYNN Sean Team dsm – firmenich ,,
118 RIES Michel Team Arkéa Samsic 1:31