No 8 schwéieren Etappe klasséiert sech de 20 Joer jonke Lëtzebuerger am General op der 18. Plaz.

Op der 8. an domat leschter Etapp gouf et am Tour de l'Avenir eng Victoire fir den Italiener Giulio Pellizzari.  Gewonnen huet de General de Mexikaner Isaac del Toro.

Beschte Lëtzebuerger ass no 8 Etappen de Mats Wenzel. De 20 Joer jonke Coureur klasséiert sech op enger gudder 18. Plaz, mat engem Réckstand vun 20 Minutten a 26 Sekonnen. Zweet Beschte Letzebuerger ass den Alexandre Kess op der 57. Plaz (+53:35).

Aus Lëtzebuerger Siicht ass och nach ervir ze erhiewen, dass de Loïc Bettendorff op der 1. Etapp mam Spëtzegrupp ukomm ass, an um 1. Dag vum Tour deemno och an de Biergtrikot gefuer ass. Op der 5. Etapp huet de Coureur den Trikot dunn awer missen ofginn.

Iwwerdeems war op der 7. Etapp Schluss fir de Mathieu Kockelmann, hien huet d'Linn d'Arrivée e Samschdeg net méi gesinn.

D'Schlussklassement

1 DEL TORO Isaac Mexico 22:03:24
2 PELLIZZARI Giulio Italy 1:13
3 PIGANZOLI Davide Italy 1:42
4 RICCITELLO Matthew United States 1:585
5 LECERF William Junior Belgium 3:24
6 RONDEL Mathys France 3:28
7 CHRISTEN Jan Switzerland 5:17
8 SVESTAD-BÅRDSENG Embret Norway 6:25
9 KULSET Johannes Norway 6:51
10 PINZON Edgar Andres Colombia 7:11

18 WENZEL Mats Luxembourg 20:26
57 KESS Alexandre Luxembourg 53:35
77 WALLENBORN Arno Luxembourg 1:07:58
81 URY Noé Luxembourg 1:11:59
85 BETTENDORFF Loïc Luxembourg 1:16:19