Christine Majerus bei der Schlusvictoire vum Annemiek van Vleuten op der Plaz 45

© Val Wagner (Archiv)
Vum 23. bis den 27. August ass a Norwegen, Schweden an Dänemark ass den Tour duerch Skandinavien bei den Damme gefuer ginn.
Op der 5. a leschter Etapp vum Tour duerch Skandinavien vun den Dammen gouf et eng Victoire vum Cecilie Ludwig. D'Christine Majerus hat ee Retard vun deck zwou Minutten a koum op Plaz 57.
Gewonne gouf den Tour vun der Hollännerin Annemiek van Vleuten virun der Dänin Cecilie Uttrup Ludwig. No 2021 ass et déi zweete Victoire beim Tour duerch Skandinavien fir Annemiek van Vleuten, obwuel si dëst Joer keng Etapp konnt gewannen. Op déi 3. Plaz am General fiert d'Hollännerin Amber Kraak.
Christine Majerus klasséiert sech no 5 Etappen op der 45. Plaz, dat mat engem Retard vun 13 Minutten a 15 Sekonnen .
D'Schlussklassement am General
1 VAN VLEUTEN Annemiek Movistar Team 14:31:05
2 LUDWIG Cecilie Uttrup FDJ – SUEZ 0:02
3 KRAAK Amber Team Jumbo-Visma 0:33
4 LIPPERT Liane Movistar Team 0:51
5 BROWN Grace FDJ – SUEZ 0:54
6 BARIL Olivia UAE Team ADQ 1:06
7 BAUERNFEIND Ricarda Canyon//SRAM Racing 1:16
8 IVANCHENKO Alena UAE Team ADQ 1:18
9 RAYER Eglantine Team dsm-firmenich 1:25
10 KASTELIJN Yara Fenix-Deceuninck 1:40
45 MAJERUS Christine Team SD Worx 13:15