E Sonndeg ass et op der 4. a leschter Etapp iwwer flach 175,6 Kilometer vun Hannover op Bremen gaangen.

Wéi och schonn e Samschdeg ass och déi leschten Etapp am Sprint entscheet ginn. Hei war den Belsch Arvid de Kleijn dee Séiersten, virum Däitsche Phil Bauhaus, deen domat alt nees knapp eng Victoire verpasst huet. Déi 3. Plaz ass fir de Marius Mayrhofer.

Op der leschter Etapp klasséiert sech den Alex Kirsch op der Plaz 11.

De General gewënnt deemno de Belsch Ilan van Wilder vu Soudal-Quick Step virum Éisträicher Felix Großschartner (UAE Team Emirates) an dem Pavel Sivakov (Ineos Grenadiers). Fir de Lëtzebuerger Alex Kirsch vu Lidl-Trek sprengt no 4 Etappen déi 21. Plaz am General eraus.

D'Resultat vun der Etapp

1 DE KLEIJN Arvid Tudor Pro Cycling Team 3:41:35
2 BAUHAUS Phil Bahrain – Victorious 0:00
3 MAYRHOFER Marius Team dsm – firmenich 0:00
4 JEANNIÈRE Emilien TotalEnergies 0:00
5 SELIG Rüdiger Lotto Dstny 0:00
6 VERNON Ethan Soudal - Quick Step 0:00
7 ACKERMANN Pascal UAE Team Emirates 0:00
8 MOSCHETTI Matteo Q36.5 Pro Cycling Team 0:00
9 BENNETT Sam BORA – hansgrohe 0:00
10 TESFATSION Natnael Lidl – Trek 0:00

11 KIRSCH Alex Lidl-Trek 0:00

De General

1 VAN WILDER Ilan Soudal - Quick Step  17:01:18
2 GROßSCHARTNER Felix UAE Team Emirates 0:11
3 VAN POPPEL Danny BORA – hansgrohe 0:13
4 SIVAKOV Pavel INEOS Grenadiers ,,
5 ARANBURU Alex Movistar Team 0:17
6 VERMAERKE Kevin Team dsm – firmenich 0:18
7 TILLER Rasmus Uno-X Pro Cycling Team 0:20
8 HERMANS Quinten Alpecin-Deceuninck 0:21
9 POLITT Nils BORA – hansgrohe 0:22
10 TEUNS Dylan Israel - Premier Tech 0:23

21 KIRSCH Alex Lidl-Trek 0:53