Remco Evenepoel dee Séiersten iwwert d'Koppen

© AFP
Op der drëtter Etapp vun der Tour duerch Spuenien goung et iwwer hiwweleg 158,5 Kilometer vu Suria op Arinsal.
Op der éischter Biergetapp vun dëser Editioun konnt sech de Belsch Remco Evenepoel virum Jonas Vingegaard duerchsetzen. Den Evenepoel ass och elo neie Leader am General. Nodeem hien awer iwwert d'Zil gefuer ass, ass hie mat enger Fra zesummeknuppt a gefall. Dobäi huet sech de Gewënner vun dëser Etapp eng Platzwonn um Kapp zougezunn.
Dobäi gouf d'Etapp laang vun enger Echappée dominéiert, vun där awer de leschte Mann, den Däitsche Lennard Kämna, kuerz virun der Arrivée agefaange gouf. Dono koum et zu engem Sprint vun de Favoritte bei dëser Vuelta. Dobäi hat den Evenepoel eng 200 Meter virun der Arrivée ugerappt an de Vingegaard huet probéiert, nozekommen. Hien hat awer d'Kraaft net méi, fir dat klengt Lach zouzefueren, esou datt de Weltmeeschter am Zäitfueren aus der Belsch sech dës Etapp séchere konnt.
De Michel Ries kënnt mat engem Retard vun zwou Minutten a 55 Sekonnen op déi 46. Plaz.
D'Klassement vun der 3. Etapp
1 EVENEPOEL Remco Soudal - Quick Step 4:15:39
2 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma 0:01
3 AYUSO Juan UAE Team Emirates ,,
4 ROGLIČ Primož Jumbo-Visma ,,
5 SOLER Marc UAE Team Emirates ,,
6 MAS Enric Movistar Team ,,
7 MARTINEZ Lenny Groupama - FDJ ,,
8 UIJTDEBROEKS Cian BORA - hansgrohe ,,
9 ALMEIDA João UAE Team Emirates ,,
10 VLASOV Aleksandr BORA - hansgrohe ,,
46 RIES Michel Team Arkéa Samsic 02:55
D'Generalklassement no 3 Etappen
1 EVENEPOEL Remco Soudal - Quick Step 8:43:11
2 MAS Enric Movistar Team 0:05
3 MARTINEZ Lenny Groupama - FDJ 0:11
4 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma 0:31
5 VLASOV Aleksandr BORA - hansgrohe 0:33
6 UIJTDEBROEKS Cian BORA - hansgrohe 0:33
7 BARDET Romain Team dsm - firmenich 0:35
8 BUITRAGO Santiago Bahrain - Victorious 0:35
9 KELDERMAN Wilco Jumbo-Visma 0:37
10 ROGLIČ Primož Jumbo-Visma 0:37
...
46 RIES Michel Team Arkéa Samsic 4:17