184,6 Kilometer stoungen en Dënschdeg bei der Vuelta um Programm. Et goung vun Andorra la Vella op Tarragona, dotëscht gouf et zwou Biergwäertungen.

Am Cyclissem gouf et op der 4. Etapp vum Tour duerch Spuenien eng Victoire am Sprint vum Kaden Groves. Den Australier konnt sech virum Juan Sebastian Molano duerchsetzen. E puer Kilometer virun der Arrivée koum et zu engem Chutte, an där ënner anerem de Sprinter vu Cofidis Bryan Coquard verwéckelt war, deen domadder dann och keng Chance méi hat, ëm d'Victoire vun dëser Etapp matzefueren. Kuerz virun der Arrivée gouf et dann eng weider Chutte ganz vir am Peloton, laanscht déi d'Sprinter esou just koumen.

Am General bléift den Remco Evenepoel virop. De Michel Ries hat als 95. ee Retard vun 1 Minutt an 5 Sekonnen.

D'Klassement vun der 4. Etapp

1 GROVES Kaden Alpecin-Deceuninck 4:05:41
2 MOLANO Juan Sebastián
UAE Team Emirates ,,
3 THEUNS Edward Lidl - Trek ,,
4 MENTEN Milan Lotto Dstny ,,
5 VAN GESTEL Dries TotalEnergies ,,
6 AULAR Orluis Caja Rural - Seguros RGA ,,
7 PAGE Hugo Intermarché - Circus - Wanty ,,
8 ASKEY Lewis Groupama - FDJ ,,
9 FLYNN Sean Team dsm - firmenich ,,
10 VENDRAME Andrea AG2R Citroën Team ,,
...
95 RIES Michel Team Arkéa Samsic 1:05

D'Generalklassement no der 4. Etapp

1 EVENEPOEL Remco Soudal - Quick Step 12:48:52
2 MAS Enric Movistar Team 0:05
3 MARTINEZ Lenny Groupama - FDJ 0:11
4 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma 0:31
5 VLASOV Aleksandr BORA - hansgrohe 0:33
6 UIJTDEBROEKS Cian BORA - hansgrohe ,,
7 BARDET Romain Team dsm - firmenich 0:35
8 ROGLIČ Primož Jumbo-Visma 0:37
9 AYUSO Juan UAE Team Emirates 0:38
10 SOLER Marc UAE Team Emirates 0:42
...
43 RIES Michel Team Arkéa Samsic 5:22