Sepp Kuss feiert Solo-Victoire, Remco Evenepoel verléiert rouden Trikot

De Sepp Kuss vun Jumbo-Visma / © AFP
De Sepp Kuss huet op der 6. Etapp vun der 78. Vuelta um Pico del Buitre déi zweet Biergarrivée vun dëser Editioun gewonnen.
Den 28 Joer alen US-Amerikaner huet sech an der Schlussmontée aus dem Spëtzegrupp vum Dag ofgesat a sech als Solist d'Victoire geséchert. Als Zweeten ass de Fransous Lenny Martin iwwert de Wäisse Stréch gefuer. Hien hat e Réckstand vu 26 Sekonnen. Hien iwwerhëlt domadder de rouden Trikot vum Remco Evenepoel. De Belsch konnt an der Schlussmontée net méi un den Top-Favoritten dru bleiwen, sou datt hien no der 6. Etapp nëmmen nach den 9.
De Michel Ries ass en Donneschdeg als 55. op 12 Minutten an 28 Sekonnen ukomm. Am General ass de Lëtzebuerger de 40. op 17 Minutten an 19 Sekonnen.
D'Resultat vun der 6. Etapp
1 KUSS Sepp Jumbo-Visma 4:27:29
2 MARTINEZ Lenny Groupama - FDJ 0:26
3 BARDET Romain Team dsm - firmenich 0:31
4 LANDA Mikel Bahrain - Victorious 0:46
5 SOLER Marc UAE Team Emirates ,,
6 POELS Wout Bahrain - Victorious 1:03
7 RUBIO Einer Augusto Movistar Team 1:05
8 RODRÍGUEZ Cristián Team Arkéa Samsic 1:12
9 CRAS Steff TotalEnergies ,,
10 CEPEDA Jefferson Alveiro Caja Rural - Seguros RGA 1:26
...
55 RIES Michel Team Arkéa Samsic 12:28
De General no der 6. Etapp
1 MARTINEZ Lenny Groupama - FDJ 21:40:35
2 KUSS Sepp Jumbo-Visma 0:08
3 SOLER Marc UAE Team Emirates 0:51
4 POELS Wout Bahrain - Victorious 1:41
5 CRAS Steff TotalEnergies 1:48
6 LANDA Mikel Bahrain - Victorious 1:58
7 CEPEDA Jefferson Alveiro Caja Rural - Seguros RGA 2:06
8 DE LA CRUZ David Astana Qazaqstan Team 2:23
9 EVENEPOEL Remco Soudal - Quick Step 2:47
10 MAS Enric Movistar Team 2:50
...
40 RIES Michel Team Arkéa Samsic 17:19