No 5 Etappen hat déi jonk Lëtzebuergerin e Réckstand vu ronn 36 Minutten op d'Gewënnerin Shirin van Anrooij aus Holland.

Dës Woch ass a Frankräich den Tour de l'Avenir fir U23-Damme gefuer ginn. 5 Etappe stoungen déi lescht Deeg um Programm.

Als bescht Lëtzebuergerin gëtt d'Marie Schreiber déi 28. op 36 Minutten an 9 Sekonnen. Op der 1. an 2. Etapp ass si mat der jeeweils 12. Plaz hir bescht Plazéierungen erausgefuer. D'Schlussvictoire huet sech d'Hollännerin Shirin van Anrooij geséchert. Si hat um Enn eng Avance vun 2 Minutten a 15 Sekonnen op d'Anna Shackley aus Groussbritannien. Um Podium stoung nach d'Gaia Realini aus Italien, dat mat engem Retard vun 3 Minutten a 50 Sekonnen.

D'Liv Wenzel ass op déi 57. Plaz gefuer an hat e Réckstand vu 45 Minutten an 58 Sekonnen. D'Nina Berton hat d'Course no enger Chute fréizäiteg missen opginn.

D'Schlussklassement

1 VAN ANROOIJ Shirin Netherlands 11:01:50
2 SHACKLEY Anna Great Britain 2:15
3 REALINI Gaia Italy 3:50
4 NIEDERMAIER Antonia Germany 6:15
5 STIASNY Petra Switzerland10:36
6 VAN EMPEL Fem Netherlands 10:47
7 VINKE Nienke Netherlands ,,
8 BUNEL Marion Auvergne - Rhône-Alpes 11:55
9 RÜEGG Noemi Switzerland 12:53
10 TOWERS Alice Great Britain 14:24