Primoz Roglic koum am Beschten iwwert d'Koppen, Sepp Kuss neie Leader

© AFP
165 Kilometer, dräi Bierger vun der Kategorie 2, ee vun der Kategorie 3 an ee vun der Kategorie 1: Dat war d'Profil vun Déia op Xorret de Cati.
Et sollt e gudden Dag fir Jumbo Visma ginn. Mam Roglic konnte si sech d'Victoire vun dëser Etapp sécheren a mam Kuss dréit elo och ee vun hire Coureuren de roude Maillot op senge Schëlleren. Béid waren an der Grupp vun de Favoritten ënnerwee, déi an der leschter Montée vun der Kategorie 1 déi lescht Coureure vun der Echappée ageholl haten. Ëmmerhin hate sech eng 30 Mann zesummefonnt, déi d'Course ënnert sech ausmaache wollten.
De Roglic wënnt d'Etapp knapp virum Evenepoel an dem Ayuso, déi déi selwecht Zäit opgeschriwwe kréien. De Kuss koum mat weidere Favoritten zwou Sekonne méi spéit iwwert d'Linn gefuer. De Michel Ries kritt als 35. e Retard vun iwwer dräi an enger hallwer Minutt opgeschriwwen.
Am General ass de Sepp Kuss elo déi nei Nummer 1, dat 43 Sekonne virum Marc Soler an eng Minutt virum ale Leader Lenny Martinez. Hei mécht de Michel Ries siwe Plaze gutt a steet elo op der 34. Plaz mat engem Réckstand vun iwwer 23 Minutten.
D'Klassement vun der 8. Etapp
1 ROGLIČ Primož Jumbo-Visma 4:13:52
2 EVENEPOEL Remco Soudal - Quick Step ,,
3 AYUSO Juan UAE Team Emirates ,,
4 MAS Enric Movistar Team 0:02
5 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma ,,
6 ALMEIDA João UAE Team Emirates ,,
7 KUSS Sepp Jumbo-Visma ,,
8 SOLER Marc UAE Team Emirates ,,
9 POELS Wout Bahrain - Victorious 0:34
10 VLASOV Aleksandr BORA - hansgrohe 0:39
...
35 RIES Michel Team Arkéa Samsic 3:32
D'Generalklassement no der 8. Etapp
1 KUSS Sepp Jumbo-Visma 30:51:06
2 SOLER Marc UAE Team Emirates 0:43
3 MARTINEZ Lenny Groupama - FDJ 1:00
4 POELS Wout Bahrain - Victorious 2:05
5 LANDA Mikel Bahrain - Victorious 2:29
6 EVENEPOEL Remco Soudal - Quick Step 2:31
7 ROGLIČ Primož Jumbo-Visma 2:38
8 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma 2:42
9 MAS Enric Movistar Team ,,
10 AYUSO Juan UAE Team Emirates 2:52
...
34 RIES Michel Team Arkéa Samsic 23:14