Kämna wënnt aus Echappée eraus, Kuss bleift Leader

© AFP
Eng Arrivée op enger Kopp vun der Kategorie 2 stoung um Programm. Et goung vu Cartagena iwwer 184,5 Kilometer op Collado de la Cruz de Caravaca.
130 Kilometer laang hat sech eng Echappée ofgesat, fir ëm d'Victoire an dëser Etapp ze kämpfen. Den däitschen Lennard Kämna hat zum Schluss déi beschte Been a konnt sech dës Etapp sécheren, dat 13 Sekonne virum Matteo Sobrero an iwwer eng Minutt virum Chris Hamilton. D'Grupp mat de Favoritten hat bal dräi en eng hallef Minutt Retard, de Michel Ries koum als 66. mat iwwer 13 Minutte Verspéidung an d'Zil.
Am Generalklassement bleift an der Topp 3 alles beim Alen: Kuss 43 Sekonne virum Soler a liicht iwwer eng Minutt virum Martinez. Hei verléiert de Michel Ries fënnef Plazen a läit als 39. nach esou just an der Topp 40. Hien huet iwwer 33 Minutte Réckstand.
D'Topp 10 vun der Etapp
1 KÄMNA Lennard BORA - hansgrohe 4:28:59
2 SOBRERO Matteo Team Jayco AlUla 0:13
3 HAMILTON Chris Team dsm - firmenich 1:12
4 GHEBREIGZABHIER Amanuel Lidl - Trek 1:00*
5 BARRENETXEA Jon Caja Rural - Seguros RGA 1:37
6 FERNÁNDEZ Rubén Cofidis ,,
7 CAICEDO Jonathan Klever EF Education-EasyPost 2:11
8 NAVARRO Daniel Burgos-BH 2:41
9 MAS Enric Movistar Team 3:18*
10 VLASOV Aleksandr BORA - hansgrohe 3:11
...
66 RIES Michel Team Arkéa Samsic 13:13
D'Generalklassement no der Etapp
1 KUSS Sepp Jumbo-Visma 35:23:30
2 SOLER Marc UAE Team Emirates 0:43
3 MARTINEZ Lenny Groupama - FDJ 1:02
4 EVENEPOEL Remco Soudal - Quick Step 2:24
5 LANDA Mikel Bahrain - Victorious 2:29
6 ROGLIČ Primož Jumbo-Visma ,,
7 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma 2:35
8 MAS Enric Movistar Team ,,
9 AYUSO Juan UAE Team Emirates 2:45
10 ALMEIDA João UAE Team Emirates 2:55
...
39 RIES Michel Team Arkéa Samsic 33:02
*Dëst sinn d'Zäiten, wéi se um offizielle Site vun der Vuelta (Stand 3.9.23 18h21) ze liese sinn.