Zu Iechternach
33. Editioun vun der Randonnée Charly Gaul
Iwwer zwou Distanze konnten d'Vëlossportler sech e Sonndeg op Parcourse mat Depart an Arrivée zu Iechternach moossen.
Dee klenge Parcours war 100 Kilometer laang an 145 waren der um groussen Tour ze fueren. 2005 hat de Charly Gaul, deen 1958 den Tour de France gewonnen hat, eis fir ëmmer verlooss. Och Joren dono kennt d'Organisatioun vum Conter Veräin nach ëmmer e grousse Succès. Vill Sportler reesen aus dem Ausland op Lëtzebuerg, fir bei La Charly Gaul dobäi ze sinn. De Bern Thill hat sech ënner d'Cycliste gemëscht an ass e puer interessante Perséinlechkeete begéint.
Am meeschte gelies