En Dënschdeg stoung op der 10. Etapp vun der Vuelta e Contre-la-montre vu 25,8 Kilometer ronderëm Valladolid um Programm.

De Filippo Ganna aus Italien huet d'Zäitfueren um Enn fir sech entscheet. Den italieenesche Champion war 16 Sekonne méi séier wéi de Weltmeeschter Remco Evenepoel. De Podium gouf komplettéiert vum Slowen Primoz Roglic, deen e Retard vu 36 Sekonnen hat. De Leader am General, den US-Amerikaner Sepp Kuss, huet als 13. 1 Minutt an 29 Sekonne verluer.

De Kuss bleift dann och de Leader am General. Hei huet hien eng Avance vu 26 Sekonnen op de Marc Soler aus Spuenien a vun 1 Minutt an 9 Sekonnen op de Remco Evenepoel.

D'Topp 10 vun der Etapp

1 GANNA Filippo INEOS Grenadiers
2 EVENEPOEL Remco Soudal - Quick Step 0:16
3 ROGLIČ Primož Jumbo-Visma 0:36
4 ALMEIDA João UAE Team Emirates 0:50
5 VLASOV Aleksandr BORA - hansgrohe 0:52
6 CATTANEO Mattia Soudal - Quick Step 1:09
7 AYUSO Juan UAE Team Emirates 1:11
8 SOLER Marc UAE Team Emirates 1:12
9 OLIVEIRA Nelson Movistar Team ,,
10 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma 1:18
...
126 RIES Michel Team Arkéa Samsic 4:39

D'Generalklassement no der Etapp

1 KUSS Sepp Jumbo-Visma 20 35:52:38
2 SOLER Marc UAE Team Emirates 0:26
3 EVENEPOEL Remco Soudal - Quick Step 1:09
4 ROGLIČ Primož Jumbo-Visma 1:36
5 MARTINEZ Lenny Groupama - FDJ 2:02
6 ALMEIDA João UAE Team Emirates 2:16
7 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma 2:22
8 AYUSO Juan UAE Team Emirates 2:25
9 MAS Enric Movistar Team 2:50
10 VLASOV Aleksandr BORA - hansgrohe 3:14
...
38 RIES Michel Team Arkéa Samsic 36:12