Echappée setzt sech duerch: Etapp fir Herrada, Kuss weider a Rout

D'Ekippen ënnerwee op de Start vun der 11. Etapp / © AFP
Iwwer 163 Kilometer goung et vu Lerma op La Laguna Negra de Vinuesa, dat mat enger Arrivée op engem Bierg vun der éischter Kategorie.
Den éischten op der Arrivée, déi bei dëser Etapp op 1.730 Héichtemeter war, war de Spuenier Jesus Herrada. Hien hat 3 Sekonnen Avance op de Fransous Romain Grégoire an 8 Sekonnen op den Dän Andreas Kron. De Grupp mat de Favoritten, dorënner Remco Evenepoel, de Maillot Rouge Sepp Kuss oder och de Primoz Roglic, haten e Retard vu 5 Minutten a 50 Sekonnen. Et war der Echappée also nees gelongen, sech géint de Peloton an d'Spëtzeleit ze behaapten. Den eenzege Lëtzebuerger am Peloton Michel Ries hat e Retard vun iwwer aacht Minutte a kënnt als 75. iwwert d'Zil.
Am Generalklassement ginn et an der Topp 10 keng Verännerungen. De Sepp Kuss bleift Leader mat 26 Sekonne virum Marc Soler an iwwer eng Minutt op de Remco Evenepoel. De Michel Ries verléiert eng Plaz am Generalklassement a gëtt elo als 39. gefouert, dat mat engem Retard vun 38 Minutten an 33 Sekonnen.
D'Topp 10 vun der Etapp
1 HERRADA Jesús Cofidis 3:29:17
2 GRÉGOIRE Romain Groupama - FDJ 0:03
3 KRON Andreas Lotto Dstny 0:08
4 CAICEDO Jonathan Klever EF Education-EasyPost 0:12
5 THOMAS Geraint INEOS Grenadiers 0:19
6 SÁNCHEZ Pelayo Burgos-BH 0:24
7 MOLARD Rudy Groupama - FDJ ,,
8 PRODHOMME Nicolas AG2R Citroën Team 0:27
9 GODON Dorian AG2R Citroën Team 0:58
10 GANNA Filippo INEOS Grenadiers 1:16
...
75 RIES Michel Team Arkéa Samsic 08:11
D'Generalklassement no der 11. Etapp
1 KUSS Sepp Jumbo-Visma 39:27:45
2 SOLER Marc UAE Team Emirates 0:26
3 EVENEPOEL Remco Soudal - Quick Step 1:09
4 ROGLIČ Primož Jumbo-Visma 1:36
5 MARTINEZ Lenny Groupama - FDJ 2:02
6 ALMEIDA João UAE Team Emirates 2:16
7 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma 2:22
8 AYUSO Juan UAE Team Emirates 2:25
9 MAS Enric Movistar Team 2:50
10 VLASOV Aleksandr BORA - hansgrohe 3:14
...
39 RIES Michel Team Arkéa Samsic 38:33