Evenepoel wënnt aus Echappée raus, Kuss weider a Rout

© AFP
E Samschdeg ass et fir d'Coureuren iwwer ronn 156 Kilometer vu Sauveterre-de-Béarn op Larra-Belagua gaangen.
Bei enger weiderer schwéierer Biergetapp stoungen ënner anerem de Col de la Hourcére an de Puerto de Larrau um Programm. De belsche Champion Remco Evenepoel, deen e Freideg vill Zäit verluer hat, huet et an déi grouss Echappée gepackt a konnt als Éischten iwwer de Col de la Hourcére fueren.
Zesumme mam Romain Bardet konnt de Gewënner aus dem leschte Joer sech un der Spëtzt ofsetzen a sech sou och d'Biergwäertung um Puerto de Larrau sécheren. D'Favoritte vun Jumbo-Visma ware 40 Kilometer viru Schluss ronn 6 Minutten hannert dem Evenepoel an dem Bardet, déi am General allebéid ofgeschloe sinn.
Scho fréi huet een awer gesinn, dass de Belsch um Samschdeg déi besser Been hat. Knapp 4 Kilometer virun der Arrivée konnt hie sech ofsetzen, soudass den Evenepoel seng zweet Etappevictoire bei dëser Vuelta feiere kann. De Bardet konnt eng Minutt an 12 Sekonnen drop als Zweeten iwwer d'Zillinn fueren, komplettéiert gouf de Podium vum Lennert van Eetvelt (+6:33 Minutten). De Michel Ries ass iwwerdeems de 87. ginn, dat mat engem Retard vun 30 Minutten a 15 Sekonnen.
Am Generalklassement bleift iwwerdeems un der Spëtzt alles onverännert. De Leader Sepp Kuss, de Primoz Roglic an de Jonas Vingegaard si mam Peloton ukomm, woumat déi dräi Coureure vun Jumbo-Visma weider um Podium stinn. Hei ass de Lëtzebuerger Michel Ries op der 55. Plaz mat engem Réckstand vun iwwer annerhallwer Stonn.
D'Top 10 vun der Etapp
1 EVENEPOEL Remco Soudal - Quick Step 4:13:38
2 BARDET Romain Team dsm - firmenich +1:12
3 VAN EETVELT Lennert Lotto Dstny +6:33
4 CASTROVIEJO Jonathan INEOS Grenadiers +6:35
5 STORER Michael Groupama - FDJ +7:24
6 DE LA CRUZ David Astana Qazaqstan Team +8:21
7 VLASOV Aleksandr BORA - hansgrohe +8:22
8 KUSS Sepp Jumbo-Visma ,,
9 POELS Wout Bahrain - Victorious ,,
10 AYUSO Juan UAE Team Emirates ,,
...
87 RIES Michel Team Arkéa Samsic +30:15
D'Generalklassement no der 14. Etapp
1 KUSS Sepp Jumbo-Visma 51:04:54
2 ROGLIČ Primož Jumbo-Visma 1:37
3 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma 1:44
4 AYUSO Juan UAE Team Emirates 2:37
5 MAS Enric Movistar Team 3:06
6 SOLER Marc UAE Team Emirates 3:10
7 LANDA Mikel Bahrain - Victorious 4:12
8 VLASOV Aleksandr BORA - hansgrohe 5:02
9 UIJTDEBROEKS Cian BORA - hansgrohe 5:30
10 ALMEIDA João UAE Team Emirates 8:39
...
55 RIES Michel Team Arkéa Samsic +1:33:05