De Portugis huet sech am Sprint aus enger Echappée géint de Lennard Kämna an de Santiago Buitrago duerchgesat. De Sepp Kuss bleift den Éischten am General.

Um Sonndeg stoungen tëscht Pamplona a Lekunberri 158,3 hiwweleg Kilometer um Programm.

D'Etapp gouf vun enger Echappée gepräägt an där ënner anerem de Lennard Kämna (BORA-hansgrohe), de Rui Costa (Intermarché-Circus-Wanty), de Santiago Buitrago 
(Bahrain-Victorious) an de Vainqueur vun der 14. Etapp Remco Evenepoel (Soudal-Quick Step) dra waren. An der leschter Montée vum Dag hu sech Kämna, Buitrago a Costa ofgesat, den Evenepoel konnt net méi mathalen.

An der leschter Descente ass de Kämna ronn 3 Kilometer viru Schluss gefall konnt awer nees un d'Spëtzt uschléissen. Et sollt zu engem Sprint kommen, wou de Rui Costa déi séierst Been hat. Op d'Plazen 2 an 3 koumen de Kämna an de Buitrago. De Lëtzebuerger Michel Ries gouf den 108. op iwwer 11 Minutten.

De Leader am General Sepp Kuss ass mam Peloton ronn 3 Minutte hannert dem Gewënner iwwert d'Arrivée gefuer a bleift op der 1. Plaz. De Michel Ries läit do op der 57. Plaz.

D'Klassement vun der Etapp

1 COSTA Rui Intermarché - Circus - Wanty 3:30:56
2 KÄMNA Lennard BORA - hansgrohe ,,
3 BUITRAGO Santiago Bahrain - Victorious ,,
4 EVENEPOEL Remco Soudal - Quick Step +0:02
5 KRON Andreas Lotto Dstny ,,
6 RUBIO Einer Augusto Movistar Team ,,
7 RODRÍGUEZ Cristián Team Arkéa Samsic "
8 HAMILTON Chris Team dsm - firmenich ,,
9 DENZ Nico BORA - hansgrohe +0:36
10 JANSSENS Jimmy Alpecin-Deceuninck +1:07
...
108 RIES Michel Team Arkéa Samsic +11:43

 De General

1 KUSS Sepp Jumbo-Visma 54:38:42
2 ROGLIČ Primož Jumbo-Visma +1:37
3 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma +1:44
4 AYUSO Juan UAE Team Emirates +2:37
5 MAS Enric Movistar Team +3:06
6 SOLER Marc UAE Team Emirates +3:10
7 LANDA Mikel Bahrain - Victorious +4:12
8 VLASOV Aleksandr BORA - hansgrohe +5:02
9 UIJTDEBROEKS Cian BORA - hansgrohe +5:30
10 ALMEIDA João UAE Team Emirates +8:39
...
57 RIES Michel Team Arkéa Samsic +1:41:56