Cyclocross
Marie Schreiber mat 2 Victoiren um Weekend

© Val Wagner (Archiv)
Um Samschdeg an um Sonndeg sinn zu Lützelach an zu Bensheim an Däitschland zwee international Cyclocrosse gefuer ginn.
Beim 4 Bikes Festival zu Lützelach huet sech d'Marie Schreiber bei der Dammen Elite um Samschdeg géint d'Hollännerin Aniek van Alphen an d'Kristyna Zemanova aus Tschechien duerchgesat.
Um Sonndeg ass zu Bensheim en internationale Grand Prix gefuer ginn. Och do ass d'Marie Schreiber als 1. iwwer d'Arrivée gefuer. Mat enger Sekonn Retard huet sech d'Kristyna Zemanova op der 2. Plaz klasséiert. De Podium gouf vum Aniek van Alphen komplettéiert. D'Hollännerin hat e Réckstand vun 38 Sekonnen op d'Marie Schreiber.
Am meeschte gelies