De Skoda Tour de Luxembourg 2023 steet virun der Dier a gëtt mat grousser Spannung erwaart.

D'Organisateure ronderëm den Andy an de Fränk Schleck hunn een animéierten a villverspriechende Programm op d'Bee gestallt, mat ënner anerem der spektakulärer Arrivée zu Veianen am Schlass.

709 Kilometer verdeelt op 5 Etappe stinn um Programm an 20 Ekippe mat 6 Coureure wäerten e Mëttwoch an der Abtei Neimënster un den Depart vun der 83. Editioun vum Tour de Luxembourg goen.

Op der provisorescher Startlëscht stinn net manner wéi 8 Lëtzebuerger. Mam Bob Jungels (Bora – Hansgrohe), Kevin Geniets (Groupama – FDJ) an Alex Kirsch (Lidl-Trek) kënnen déi lokal Supporter souguer op eng Etappevictoire oder eng gutt Placéierung am General hoffen. Och den Arthur Kluckers (Tudor Pro Cycling Team) zielt am Zäitfueren zu Péiteng zu de Favoritten.

Un internationaler Konkurrenz schéngt et net ze feelen, schliisslech stinn net manner wéi 12 UCI WorldTeams op der Startlëscht. Mam amtéierenden Olympia-Gewënner Richard Carapaz (EF Education – Easypost), dem zweefache Weltmeeschter Julian Alaphilippe (Soudal – Quickstep) oder dem Gewënner vun der Kinneksetapp vum Tour de France Felix Gall (AG2R Citroen Team) kann ee sech op spannend Momenter freeën. Och op de Marc Hirschi (UAE Team Emirates), de Magnus Cort Nielsen (EF Education – Easypost) an d'Duo Thibaut Pinot an David Gaudu (Groupama – FDJ) dierf ee gespaant sinn. Mam Mattias Skjelmose (Lidl-Trek) steet och de Gewënner vun der leschter Editioun op der provisorescher Startlëscht.

Déi éischt Etapp ass direkt eng fir d'Klassementsfuerer. Op engem wallonnéierten Terrain mat der Arrivée um Kierchbierg mussen d'Coureuren ënner anerem de Stafelter vu Walfer erop kuerz viru Schluss fueren.

Déi zweet Etapp iwwer 183 Kilometer mam Schlussstréch virun der Maison Nicolas Frantz zu Mamer ass fir d'Sprinter. Et ass déi längsten Etappe.

Um drëtten Dag kann ee vun der Kinneksetapp ausgoen. Dräimol geet et den Niklosbierg erop, éier et zur spektakulärer Arrivée am Veianer Schlass kënnt. Hei kéint et zu groussen Ecarten am General kommen.

Zu Péiteng kéint dann d'Virentscheedung am General falen. Dat 23,9 Kilometer laangt Zäitfuere bitt awer och déi warscheinlech beschte Chance op eng Lëtzebuerger Etappevictoire. Jungels, Geniets, Kirsch a Kluckers gëllen zu de Favoritten an där Disziplin.

Um leschten Dag geet et traditionell zu Miersch fort mat der Arrivée um Lampertsbierg. De Pabeierbierg ass hei déi leschte Méiglechkeet, fir sech eng Avance am General erauszefueren.

Wie sech um Enn duerchsetze wäert an Nofollger vum Mattias Skjelmose gëtt, bleift ofzewaarden. Favoritten op de Maillot Jaune ginn et der genuch an och eng lëtzebuergesch Schlussvictoire ass net auszeschléissen. 2009 huet de Fränk Schleck als leschte Lëtzebuerger de Maillot Jaune gewonnen.

Wéi stinn d'Chancë fir d'Lëtzebuerger?

Mat dobäi sinn aus Lëtzebuerger Siicht och ënner anerem de Lëtzebuerger Champion Alex Kirsch, de Bob Jungels an de Kevin Geniets. 14 Joer no der leschter Lëtzebuerger Victoire vum Fränk Schleck ass d'Hoffnung op ee weidere Lëtzebuerger Succès op e Neits grouss. Dozou den Directeur de Course, den Andy Schleck.

Dozou den Directeur de Course, den Andy Schleck: "Mir hunn den Alex Kirsch gesinn, deen alt nees een enorme Progrès gemaach huet. Ech gesinn schonn, datt och ee wéi de Kevin Geniets, dee sech no enger gudder a méi schlechter Phas an der Saison elo nees gutt fillt. De Bob Jungels, dee mech virun 2 Méint schonn d'Strecken gefrot huet, fir datt hie se kann trainéieren. Ech gleewen u se an ech hoffen, datt op d'mannst eng Etapp fir deen een oder anere kann eraussprangen. Mee ech schléissen och net aus, datt ee vun hinnen um Schluss-Podium steet."

D'Fuererfeld ass mat ënner anerem dem Felix Gall, dem Marc Hirschi oder och dem Thibaut Pinot an dem David Gaudu aus der Ekipp vum Kevin Geniets och international gutt besat.

Um éischten RTL an um Internet kënnt dir bei all Course live mat dobäi sinn.